Musée Tudor
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Musée Tudor ass den 23. Mee 2009, am Joer vum 150-järege Gebuertsdag vum Henri Tudor (1859-1928), op Nr. 9 an der rue Henri-Tudor zu Rouspert fir de Public opgemaach ginn.[1]
Zwéin Themeberäicher ginn an dësem Musée dokumentéiert:
- Liewen a Wierk vum Henri Owen Tudor;
- de Fonctionnement an d'Entwécklung vu senger Haapterfindung, dem Bläiakkumulator.
D'Initiativ ass vun der A.s.b.l. "Les amis du musée Henri-Tudor" ausgaangen, déi 1995 gegrënnt gouf[2].
D'Gebai gouf den 13. November 2009 als Nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.
ReferenzenÄnneren
- ↑ Cf. Articles de presse.
- ↑ De Veräin gouf de 16. Januar 1998 gegrënnt, cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C n°323: 15491-15494 vum 8.5.1998. De Verwaltungsrot gouf 2002 erneiert, cf. Mémorial C n°1700: 81569 vum 28. November 2002.