Henri Klein

lëtzebuergesche Sportler

Den Henri Klein oder Bizzi Klein, gebuer de 14. Abrëll 1944 zu Uewerkuer a gestuerwen de 7. September 1995 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Henri Klein
Gebuer 14. Abrëll 1944
Uewerkuer
Gestuerwen 7. September 1995
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Foto vun der Ekipp déi den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam géint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewe v.l.n.r. Jempi Fiedler, Bizzi Konter, Erny Brenner, Jim Hoffstetter, Fernand Brosius, Nico Schmitt
Ënne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot

Tëscht dem 27. Oktober 1963 am 5. November 1969 huet de Bizzi Klein 10-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 4 Goler geschoss.[2]

Den Henri Klein huet seng Karriär als Foussballspiller beim CS Uewerkuer ugefaangenen an ass du bei FA Red Boys Déifferdeng gewiesselt wou hie bis 1964 bliwwen ass. Duerno war hien 2 Joer beim Royal Football Club de Liège fir duerno bei de KVK Tirlemont ze wiessele wou hie vun 1966 bis 1968 war. An der Saison 1968/69 war hie bei de Vancouver Royals a Kanada wou hien 20 Goler geschoss huet,[3] ënnert der Leedung vum Trainer Ferenc Puskás. Duerno koum hien zeréck op Lëtzebuerg bei d'Red Boys Déifferdeng fir d'Saison 1969/70 ier hie fir 2 Joer bei den FC Utrecht gaangen ass. Hien huet seng Karriär bei de Red Boys an der Saison 1972/73 opgehalen.[4]

Referenzen änneren

  1. Portrait vum Bizzi Klein op der Websäit profootball.lu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Henri Klein op der Websäit vun European Football
  3. Portrait vum Henri Klein
  4. Den Henri Klein op der Websäit vun der Football Database.eu