Den Deep Space Network (DSN) ass en Netz vu Parabolantennen, fir d'Kommunikatioun mat Raumsonde an Satellitten souwéi fir radio- a radarastronomesch Fuerschungszwecker.

Internetbanner vum Deep Space Network
Loftfoto vum Deep Space Complex vu Canberra

Den Jet Propulsion Laboratory bedreift fir d'US-amerikanesch Raumfaartagentur NASA zurzäit dräi grouss Statiounen:

Déi dräi Anlage stinn an hiwwelegem, schuelefërmegen Terrain, fir Stéierungen duerch Radiofrequenzen ze miniméieren. Déi strateegesch Plazen – d'Statioune si jee ronn 120° oder en Drëttel vum Äerdëmfang vuneneen ewech – erméiglechen trotz der Äerdrotatioun déi konstant Iwwerwaachung vu Satellitten. All Statioun huet nieft klengen Antennen op d'mannst eng 26-m-, zwou 34-m- an eng 70-m-Antenn.

Fréier gouf et zwou weider grouss Statiounen an zwar zu Woomera an Australien, an zu Johannesburg a Südafrika.

Déi éischt grouss Aufgabe fir d'Deep Space Statioune vun der NASA waren d'Kommunikatioun mat interplanetare Raumsonde wéi de Mariner- a Pioneer-Programm souwéi mat Voyager 1 a Voyager 2.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Deep Space Network – Biller, Videoen oder Audiodateien