Heemwéi

Film vum Sacha Bachim (2014)

Heemwéi ass e Film vun der lëtzebuergescher Artisteplattform Feierblumm Productions, ënner der Regie vum Sacha Bachim, deen och d'Dréibuch matgeschriwwen huet. En hat den 28. Januar 2014 Avant-première am Utopolis. Säin Ënnertitel ass Eng Odyssee.

Heemwéi
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2014
Première 2014
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Sacha Bachim
Dréibuch Steve Hoegener
Sacha Bachim
Fotografie Olivier Koos
Musek Daniel Balthasar
Produzent Feierblumm Productions
Schauspiller
Steve Hoegener
Luc Lamesch
Laurence Streitz
Michel Tereba
Nilton Martins
Marc Sascha Migge
Maximilian Stangl
Janine Horsburgh
Henri-Pierre Plais
Carole Nourry
Pitt Simon
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Summer 1944: Zwéi jonk Lëtzebuerger, de Jos an de Fränz, sinn als Wehrmachtszaldoten am Nordoste vu Frankräich stationéiert. D'Amerikanesch Arméi réckelt schëtzeg vir, an déi zwéin iwwerleeën, ze desertéieren. Ma de Fränz (Luc Lamesch) hat sech fräiwëlleg gemellt, de Jos (Steve Hoegener) war zwanksrekrutéiert ginn...

Soss änneren

De Film hat e Produktiounsbudget vu just ronn 25.000 Euro an ass vu ronn 10.300 Leit am Kino gesi ginn.[1] Et huet 5 Joer gedauert, ier e fäerdeg gedréint war, well déi meescht Mataarbechter Benevoller waren, déi nëmmen an hirer Fräizäit matmaache konnten.[2]

Déi Zeen an där den Tiger II ze gesinn ass gouf op der Plaz vum Musée Décembre 1944' zu La Gleize gedréint. Dee Panzer ass do nach ëmmer ze gesinn.

Auszeechnungen änneren

  • Best Feature - Erie International Film Festival 2014
  • Best Fiction Feature Audience Award - Red Rock Film Festival 2014 (Cedar City; Utah)
  • Best Narrative Feature - Great Lakes International Film Festival 2014 (Erie; Pennsylvania)

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Thilges, Jean-Pierre: Le petit acteur devenu star. In: Merkur, Januar/Februar 2015, S. 58.
  2. "Ein eingespieltes Team". journal.lu, 13. januar 2014.