Hedva Ser

franséisch Kënschtlerin, Molerin a Sculptrice

D'Hedva Ser, gebuer den 20. September 1948 zu Petah Tikva (Israel), ass eng franséisch Kënschtlerin, Molerin a Sculptrice. Do dernieft mécht si och Wandteppecher a Bijouen.

Hedva Ser
Gebuer 20. September 1948
Petah Tikva
Nationalitéit Frankräich, Israel
Educatioun Académie de la Grande-Chaumière,
École Camondo,
Hornsey College of Art
Aktivitéit Moler, Sculpteur

Biographie änneren

D'Hedva Ser huet vun 1964 bis 1966 eng Ausbildung am Konschtmusée vun Tel Aviv gemaach, duerno (1966) an der Académie de la Grande Chaumière zu Paräis a vun 1967 bis 1970 an der École Camondo. 1970 goung si op London op de Hornsey College of Art.

Ausstellungen a Wierker (Auswiel) änneren

 
De Friddensbam bei der Metzer Plaz.

Eng sëlleg Eenzelausstellunge goufen hirer Aarbecht gewidmet, sou z. B. am

Am Kader vun hirem Asaz fir en interkulturellen Dialog stellt si zanter 2007 uechter d'Welt hir Skulpturen „Friddensbam“ (Arbre de la paix) op. Zu Lëtzebuerg gouf hire Friddensbam de 6. Oktober 2019 bei der Metzer Plaz ageweit. D'Skulptur gouf opgeriicht am Kader vun de 50 Joer Fräiwëllegenarméi an den 175 Joer Militärmusek zu Lëtzebuerg, Anniversairen déi allebéid 2017 gefeiert goufen.

Aner Friddensbeem stinn ë. a. zu:

Gielercher änneren

  • Offizéier vum franséischen Ordre des Arts et des Lettres (1989)
  • Ritter vun der franséischer Éierelegioun (2001)
  • Goodwill Ambassador vun der UNESCO fir kulturell Diplomatie (2017)

Bibliographie änneren

  • Schwarz, Arturo, Hedva Ser, Au fil de la sculpture : Exposition à la Galerie Pierre-Alain Challier du 15 novembre au 3 décembre 2011, Beaux Arts Editions, 2011, ISBN 9782842788902

Um Spaweck änneren