Hans-Gert Pöttering
Den Hans-Gert Pöttering, gebuer de 15. September 1945 zu Bersenbrück an Niedersachsen, ass en däitsche Politiker (CDU). Hie war vu Januar 2007 bis Juni 2009 President vum Europaparlament.
Hans-Gert Pöttering | |
---|---|
Gebuer | 15. September 1945 |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun |
Universitéit Bonn, Columbia University, Universitéit vu Genf |
Aktivitéit | Politiker, Universitéitsprofesser |
Partei | CDU |
Hien ass zanter der éischter Direktwal 1979 Member vum Europaparlament a war vun 1999 bis 2007 Fraktiounschef vun der EVP-ED. Bei der Wal zum Europaparlament 2004 war hie Spëtzekandidat vun der däitscher CDU. Opgrond vun enger Ofmachung mat der sozialistischer Fraktioun huet hien de Josep Borrell an der zweeter Hallschent vun der Legislaturperiod, vum 16. Januar 2007 un, als Parlamentspresident ofgeléist. Den Hans-Gert Pöttering ass ee vun de sechs Europadeputéierten déi dem Europaparlament zanter der éischter Direktwal am Joer 1979 ouni Ënnerbriechung ugehéieren.
Den Hans-Gert Pöttering war vun 1997 bis 1999 President vun der iwwerparteilecher Europa-Union Däitschland. Hien ass Member vum CDU-Presidium a Comiteesmember vun der Konrad-Adenauer-Stiftung. E wunnt zu Bad Iburg bei Osnabrück, ass kathoulesch an huet zwéi Jongen.
Als Europadeputéierten an als President vun der EVP-ED-Fraktioun hat den Hans-Gert Pöttering ëmmer eng enk Bezéiung zu Lëtzebuerg. Dofir huet hien och den 18. Januar 2007 säin éischten Auslandsbesuch a senger neier Funktioun op Lëtzebuerg gemaach. Net ze vergiessen, datt hien den 22. Juni 2005 am Europaparlament zu Bréissel, a Presenz vum Premierminister Jean-Claude Juncker, de Bäitrag vun der Lëtzebuerger Presidence mat Luef ervirgestrach hat.
Seng Formatioun
änneren- Studien am Droit, Politikwësseschaften a Geschicht op den Universitéite vu Bonn a Genf
- 1971 Studienopenthalt un der Columbia University zu New York
- 1974 Promotioun
- 1976 Zweete juristesche Staatsexamen
Berufflech Karriär
änneren- 1976 bis 1979: Wëssenschaftleche Mataarbechter
- 1989: Beruffung zum Chargé de cours op der Universitéit Osnabrück
- 1995: Zanter 1995 Honorar-Professer
Politesch Aktivitéiten
ännerenAn Däitschland:
änneren- 1974 bis 1980 europapolitische Spriecher vun der Jungen Union Niedersachsen;
- 1981 bis 1991 Landespresident vun der Europa-Unioun Niedersachsen;
- 1997-1999 President vun der Europa-Unioun Däitschland
- CDU-Kreispresident vum Landkreis Osnabrück.
An Europa:
änneren- Member vum Europaparlament fir d'Regioun Osnabrück, Emsland, Ostfriesland zanter 1979.
- 1994 bis 1999: Vizepresident vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei am Europaparlament (Chrëstlech-demokratesch Fraktioun)
- Vizepresident vun der Europäescher Vollekspartei an den Europäeschen Demokraten (EVP-ED).
- 1984 bis 1994: President vun der Ënnercommissioun „Sécherheet an Ofrëschtung“ vum Europaparlament
- 1994 bis 1996: Leedung vum Groupe de Travail „Regierungskonferenz 1994“ vun der EVP an EVP-ED Fraktioun, där hir Virschléi als Grondsatzpapäier Ufank November 1995 vum EVP-Kongress gutgeheescht a fir de Vertrag vun Amsterdam rugezu si ginn
- 1996 bis 1999: Leedung vum Groupe de Travail „Erweiterung der Europäischen Union“ vun der EVP an der EVP-ED Fraktioun
- Zanter 1999 President vun der EVP-ED Fraktioun am Europaparlament
Publikatiounen
änneren- Pöttering,Hans-Gert: Von der Vision zur Wirklichkeit, Bouvier Verlag, 2004;ISBN 3-416-03053-2
- Kühnhardt,Ludger & Hans-Gert Pöttering: Europas vereinigte Staaten - Annäherungen an Werte und Ziele, 1993; ISBN 3-7201-5237-5
- Kühnhardt,Ludger & Hans-Gert Pöttering: Kontinent Europa: Kern, Übergänge, Grenzen. (= Texte + Thesen; 276). Osnabrück: 1998; ISBN 3-7201-5276-
- Kühnhardt, Ludger & Hans-Gert Pöttering: Weltpartner Europäische Union; 231 Seiten - Edition Interfrom, Januar 2001; ISBN 3720152529
- Pöttering, Hans-Gert & Frank Wiehler: Die vergessenen Regionen: Plädoyer für eine solidarische Regionalpolitik in der Europäischen Gemeinschaft; Taschenbuch - Nomos Verlagsgesellschaft mbH & Co. KG, 1983; ISBN 3789008915
- Pöttering, Hans-G.: Adenauers Sicherheitspolitik 1955-63. Ein Beitrag zum deutsch-amerikanischen Verhältnis. Droste, Düsseldorf 1975. 240 S. Okart., Anstr.,1975;
Auszeechnungen an Unerkennungen
änneren- Robert Schuman-Medail vun der EVP-ED Fraktioun
- Däitscht Bundesverdengschtkräiz (Commandeur)
- Éisträichescht Bundesverdengschtkräiz (Commandeur)
- 8. Juni2001: Goldmedail vum Mérite Européen; Laudatio duerch den Helmut Kohl
- Gewielt duerch d'European Voice als Europadeputéierte vum Joer 2004
Presidente vum Europaparlament (direkt gewielt) vun 1979 bis haut
ännerenLegislatur | Period | Numm | Grupp | Land |
1re | 1979-1982 | Simone Veil | LDR | Frankräich |
1982-1984 | Piet Dankert | Sozialist | Holland | |
2e | 1984-1987 | Pierre Pflimlin | UDF/RPR | Frankräich |
1987-1989 | Lord Plumb | EVP-ED | Groussbritannien | |
3e | 1989-1992 | Enrique Barón Crespo | Sozialist | Spuenien |
1992-1994 | Egon Klepsch | EVP-ED | Däitschland | |
4e | 1994-1997 | Klaus Hänsch | PSE | Däitschland |
1997-1999 | José Maria Gil Robles | EVP-ED | Spuenien | |
5e | 1999-2002 | Nicole Fontaine | EVP-ED | Frankräich |
2002-2004 | Pat Cox | ELDR | Irland | |
6e | 2004-2007 | Josep Borrell Fontelles | PSE | Spuenien |
2007-2009 | Hans-Gert Pöttering | (EVP-ED) | (Däitschland) |
Um Spaweck
ännerenCommons: Hans-Gert Pöttering – Biller, Videoen oder Audiodateien |