Haaptmenü opmaachen

D'Nicole Claude Marie Fontaine, gebuer de 16. Januar 1942 zu Grainville-Ymauville, an der Normandie, als Nicole Claude Marie Garnier, a gestuerwen de 17. Mee 2018[1], war eng franséisch Politikerin.

Nicole Fontaine
Nicole Fontaine.jpg
Gebuertsnumm Nicole Garnier
Gebuer 16. Januar 1942
Grainville-Ymauville
Gestuerwen 17. Mee 2018
Neuilly-sur-Seine
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Institut d'études politiques de Paris,
Faculté de droit de Paris
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Union pour un mouvement populaire
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Si war vun 1999 bis 2002 Presidentin vum Europäesche Parlament (Europäesch Vollekspartei), an dat se fir d'éischt 1984 gewielt gouf, a vun deem se vun 1989 bis 1999 Vizepresidentin war.

Vun 2002 bis 2004 war s'ënner dem Premierminister Jean-Pierre Raffarin, Ministre-déléguée fir Industrie. Vun 2004 bis 2009 war si nach eng Kéier Deputéiert am Eurpaparlament.

Si war zanter 1964 mam Jean-René Fontaine bestuet an hat mat him eng Duechter.

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren