D'Réckemuerch (lat.: Medulla spinalis oder Medulla dorsalis; gr.: ῥαχίτης μύελος, rhachítes mýelos, oder νωτιαῖος μύελος nōtiaios mýelos) ass eng laang Struktur a Form vun engem Rouer, déi aus Nerventissu besteet. Et bilt zesumme mam Gehier den zentralen Nervesystem vun de Wierbeldéieren an ass d'Verbindungsstruktur tëscht dem Gehier an den Nerven an der Peripherie vum Kierper.[1]

Schema vun enger Sektioun vun der Wierbelsail mat dem Réckemuerch (hei op Franséisch: Moelle épinière).

Et läit am Wierbelkanal an der Wierbelsail. Ronderëm d'Réckemuerch sinn de Liquor (och Gehierwaasser oder Nervewaasser genannt) a Meningen (d'Réckemuerchhaut). Beim Schiedel geet d'Réckemuerch ouni schaarf Grenz an dat verlängert Muerch (Medulla oblongata) vum Hirnstamm iwwer.

D'Réckemuerch steiert wichteg Deeler vum peripheralen Nervesystem, mat Ausnam vum Kapp.

Kuckt och

änneren
Commons: Réckemuerch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. DocCheck Flexikon: Rückenmark