Manuel Andrack
De Manuel Andrack, gebuer den 23. Juni 1965 zu Köln, ass en däitschen Televisiounsredakter, -moderateur an Auteur. Hie war 13 Joer laang dem Harald Schmidt säi Redakter a gouf doduerch bekannt, an där Funktioun eng zäitchelaang am Schmidt senger Show als säi Sidekick opgetrueden ze sinn.
Manuel Andrack | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
23. Juni 1965 Köln |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu Köln |
Aktivitéit | Journalist, Auteur, Dramaturg |
Hie schreift zanter der Mëtt vum 1. Joerzéngt vun den 2000er Jore Bicher, Artikelen a Kolumnen (ë. a. am Stern an an Die Zeit) iwwer d'Wanderen. A sengem Buch Wandern: Das deutsche Mittelgebirge für Amateure und Profis beschreift hien ënner dem Titel Luxembourg: 12 points en Trëppeltour an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz ronderëm Bäerdref. Dofir gouf hien am Oktober 2009 mam Mëllerdaller Reesbengel ausgezeechent[1] an e Schloff an engem Fiels gouf no him "Passage Mandrack" genannt.[2]
Hien huet och zesumme mam Guy Helminger deem säi Buch Die Ruhe der Schlammkröte, dat Erliefnesser an engem Kölner Punk-Rock-Bistro erzielt, kommentéiert an nei erausbruecht. Aner Bicher vun him sinn iwwer den 1. FC Köln an iwwer Familljefuerschung.
De Manuel Andrack lieft a schafft zanter Enn 2008 zu Saarbrécken. Nieft dem Schreiwe mécht hie reegelméisseg Emissioune fir déi saarlännesch Tëlee, z. B. iwwer säi Liewen als Nei-Saarlänner, an eng Kachsendung.
WierkerÄnneren
- Du musst wandern. Ohne Stock und Hut im deutschen Mittelgebirge. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2005, ISBN 3-462-03488-X
- Meine Saison mit dem FC. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2005, ISBN 3-462-03584-3
- Wandern. Das deutsche Mittelgebirge für Amateure und Profis. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2006, ISBN 3-462-03745-5
- 'mam Guy Helminger): Die Ruhe der Schlammkröte. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2007, ISBN 3-462-03784-6
- Von wem habe ich das bloß. Auf den Spuren der Ahnen. Eine Gebrauchsanweisung. KiWi, Köln 2008, ISBN 978-3-462-04038-8
- 2 mit Grips und GPS. Cache! Wir finden ihn!. Mixtvision Verlagsges., München 2009, ISBN 978-3-939-43522-8
- Saar Sammelsurium. Gollenstein Verlag, Merzig 2010, ISBN 978-3-938-82376-7
- Das neue Wandern. Unterwegs auf der Suche nach dem Glück. Berlin Verlag 2011, ISBN 978-3-833-30713-3
- Der neanderland STEIG, Droste Verlag 2014 ISBN 978-3-7700-1495-8
Um SpaweckÄnneren
- Dem Manuel Andrack seng Homepage
- Wanderblog Manuel Andrack
- „Die deutsche Provinz ist unterschätzt und toll.“ Interview an der Zäitschrëft Galore vum 21. Abrëll 2005.
ReferenzenÄnneren
- ↑ Katharina Hammermann: "Andrack geht der Eifel fremd." volksfreund.de, 29.09.2009.
- ↑ Manel Andrack: "Die Mandrack-Passage". wandermagazin.de, Ausgabe 150 (Januar/Februar 2010).