Neubrasilien ass en däitschsproochege Roman vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Guy Helminger, deen 2010 am Eichborn Verlag erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman? änneren

De Roman geet zwéin Erzielsträng no: Am Fréijoer 1828 maache sech eng Grupp Lëtzebuerger, ënner hinnen d'Josette, eng jonk Fra, op de Wee bis op Bremen, fir vun do a Brasilien auszewanderen. Ënnerwee kommen zwéin Escher dobäi, den Nicolas Pallen a säi Grousspapp Arnold, deen am Fong léiwer an d'Land vun de Schwaarze Bierger ausgewandert wier.

Zu Bremen gi se gewuer, datt Brasilie keng Immigrante géif eraloossen; veraarmt musse si op Lëtzebuerg zeréck, wou se sech Um Kale Räis néierloossen, an do d'Haipenduerf Neibrasilie grënnen...

170 Joer méi spéit kënnt d'Tiha, e Meedche vun 10 Joer, mat senger Mamm an anere Leit aus dem Montenegro op Lëtzebuerg fir Asyl unzefroen, wou s'an engem Foyer an der Escher Groussgaass ënnerbruecht ginn, an do waarde musse bis iwwer hire Statut decidéiert gëtt. D'Tiha befrënnt sech mat senger Matschülerin Charlotte.

Literatur änneren

Bibliographie änneren

  • Helminger, Guy: Neubraslien. Roman. Frankfurt am Main: Eichborn Verlag, 2010, ISBN 9783821861326. Neioplo 2020 bei capibarabooks.