Haaptmenü opmaachen
Portrait vum Cyprien Merjai

De Pierre-Alexandre-Cyprien Merjai, oder einfach Cyprien Merjai, gebuer den 2. Februar 1760[1][2] an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 5. Dezember 1822 am Pafendall, huet Droit studéiert, sech awer duerno mat historesche Studien iwwer Lëtzebuerg beschäftegt.

Säi LiewenÄnneren

De Cyprien Merjai war dat eenzegt Kand vum Affekot François-Xavier Merjai an der Marguerite Pognon, déi vu Lonkech gebierteg war. Seng Mamm ass gestuerwe wéi se hien op d'Welt bruecht huet.

De Cyprien Merjai huet seng Jugend selwer als onroueg an onglécklech beschriwwen, ënner anerem well hien ouni Mamm opgewuess ass, awer och doduerch datt säi Papp wéinst senger "patriotescher Beschäftegung" keng Zäit hat, sech ëm säi Bouf ze bekëmmeren. Hien huet awer ëmmer mat groussem Respekt vu sengem Papp geschwat.

Eng Schwëster vun der Mamm huet sech ëm de Stot gekëmmert; de Cyprien huet fonnt si hätt e komesche Charakter a si géif hie schikanéieren. Si huet den Haass dee si op d'Mamm hat, herno op de Bouf iwwerdroen. Dee jonke Merjai huet och dowéinst e puermol probéiert säi Papp dozou ze bewege sech erëm ze bestueden, nëmme fir senger Tatta lass ze ginn.

Duerch säi Papp dee sech ë. a. fir d'Archeologie interesséiert huet, krut de Cyprien och Interessi dodrun an hien huet sech duerch d`Lecture vu de Wierker vum Vitruve mat der Beuerteelon gvu Monumenter beschäftegt déi hien op senge Reese gesinn huet. Doniewent huet hien och d'Biographie vum Péiter Ernest vu Mansfeld studéiert a selwer eng Étude iwwer deem säi Liewe geschriwwen.

De François-Xavier Merjai huet säi Bouf am September 1775 mat an d`Abtei vun Orval geholl fir déi hien als Affekot geschafft huet; den Abt vun do war e Koseng vum François-Xavier. E puer Joer méi spéit, 1781, ass de Cyprien och op Aansebuerg a Veianen gereest, ongeféier zu där Zäit och op Bréissel, dëst a Begleedung vum Paschtouer Nicolas Spirlet vu Saint Hubert.

Säin trauregt Liewen am Haus vu sengem Papp an awer och well hie vill Zäit vu senger Jugend bei senge Kosengen zu Lonkech verbruecht huet an doduerch nëmme franséisch geschwat huet, erkläert firwat de Cyprien eng gewëssen Ofneigung géint Lëtzebuerg hat, dat zu där Zäit eng bescheide Stad war, am Verglach zu de kulturelle Stied déi hien op senge Reese besicht huet.

Dem Cyprien Merjai seng ReesenÄnneren

  • Ëm 1775 huet de Merjai de Charel (Henri-François-Charles-Borromée) de Harbonnier kenne geléiert, de Bouf vun der Gertrude de Harbonnier de Kerckhove, enger Schlasshärin vun Cobreville aus de belschen Ardennen. Déi zwéin hunn duerno Frëndschaft geschloss a sinn am September 1781 zesummen op d'Rees gaange fir déi belsch Stied z'entdecken. Si waren ë. a. zu Arel, Saint Hubert a Seraing ier se zu Léck ukomm sinn. Op hirer Rees si se – well de Charel zu enger aler a beschtbekannter Adelsfamill gehéiert huet - iwwerall wou se hikoume gutt empfaang ginn. Si hunn ënnerwee eng Rei Leit kenne geléiert a konnte verschidde Schlässer an Abteie besichen. Enn Oktober si se dunn nees op Lëtzebuerg zréck komm.
  • De Papp wollt aus sengem Bouf en Éiremann maachen an duecht, et wier gutt, wann de Cyprien méi kulturell Stied géif kenne léieren a wann hien däitsch schwätze kéint. Well hien nach op eng Äntwert gewaart huet, ob en eng Bourse op der Universitéit vu Léiwen kréich, ass en dunn emol an Däitschland gaangen. Vu Lëtzebuerg aus ass d'Rees am September 1782 iwwer Gréiwemaacher op Igel gaang, wou hie beandrockt war vun der Igeler Sail; hie goung weider op Tréier wou en all déi wichtegst Monumenter besiche goung an doriwwer Rapporte geschriwwen huet.
Zu Tréier huet de Cyprien Merjai sech engem Bekannte vu Lëtzebuerg ugeschloss an zesumme goungen déi zwéin iwwer Trarbach, Bingen an Ingelheim bis op Mainz. Zu Mainz huet de Cyprien all d'Kierchen a Kléischter besicht; hien ass awer net laang an där Stad bliwwen, well him do zevill Kaméidi, zevill houfreg Adeleger an zevill opgetakelt Bourgeoisen ënnerwee waren[3].
  • Vu Mainz aus goung et du weider iwwer Oppenheim, Worms a Frankenthal op Mannheim dat sengerzäit zu de schéinste kulturelle Stied an Europa gehéiert huet. Zu Mannheim huet hien d'Charlotte kënne geléiert a sech verléift. De Cyprien wollt d'Charlotte bestueden, mä säi Papp war dergéint an huet versicht säi Bouf z’iwwerzeegen erëm op Lëtzebuerg zréck ze komme fir datt hie kéint op Léiwe goe fir do Droit ze studéieren.
  • De jonke Merjai deen awer net Wëlles hat Droit ze studéieren, hat iwwerdeems zu Mannheim d'Bekannschaft vun engem Schwäizer gemaach, mat deem hien op eng Rees an Italien goung; se koumen op Turin a Mailand wou de Cyprien allkéiers déi wichtegst Institutioune besicht huet.
  • Duerch Frankräich an d'Schwäiz goung et dunn erëm zréck op Mannheim. Am September 1783 huet de Cyprien sengem Papp geschriwwen, hie wéilt an Däitschland bleiwe fir do Medezin ze studéieren, e Projet vun deem säi Papp net begeeschtert war. Well säi Papp weiderhin drop gehalen huet a well en och keng Sue méi hat, ass dee jonke Merjai du schlussendlech am Oktober zréck op Lëtzebuerg gereest.

Openthalt a Studium zu LéiwenÄnneren

Enn Oktober 1783, nodeems de Cyprien Merjai eng Bourse am Collège Mylius (och nach Collège de Luxembourg) zu Léiwen accordéiert krut, huet hie sech op de Wee an déi belsch Stad gemaach.

Wéi och schonn an den anere Stied déi de Merjai besicht hat, huet hien och zu Léiwen vill Bekanntschafte geschloss a konnt verschidde Kléischter, Kierchen, asw. besiche goen.

Uganks 1785 huet d'Charlotte dem Cyprien geschriwwen, hire Papp géif drop halen, datt hien, Cyprien, géif op Mannheim zréck komme fir si ze bestueden. De Cyprien konnt dat awer net maachen, well hie vun sengem Papp ugehale gouf, fäerdeg ze studéieren; hien huet d'Chatlotte gefrot fir sou laang kënnen ze waarden. Am Juli vum selwechte Joer ass de Cyprien du gewuer ginn, datt d'Charlotte en anere Mann bestuet hat.

Während sengem Openthalt an der Belsch huet de Cyprien niewent senge Studium weiderhinn aner Stied besicht. No dräi Joer, am August 1786, huet de Cyprien Marjai säin Droits-Examen bestaanen an ass duerno zréck op Lëtzebuerg gefuer. No engem Besuch vum Brudder Abraham vun Orval bei sengem Frënd François-Xavier Merjai zu Lëtzebuerg, ass de Cyprien du mat deem op Orval gefuer fir do d'Klouschter ze besichen.

De Merjai zu LëtzebuergÄnneren

Nodeems de Merjai am Wanter 1788 zu Namur war an do en englesche Bekannten erëm gesinn huet deen hien 1783 an der Schwäiz kenne geléiert hat, sinn déi zwéin zesummen an England gereest. De Merjai koum sou op Canterbury an op London.

D'Rees an England war awer dem Merjai seng lescht grouss Rees, vun der Zäit duerno gëtt et vun him keng weider Rapporte méi.

Trotz senge juristesche Kenntnisser a sengen akademeschen Titelen huet hie keen Interessi gewise fir s'anzesetzen.

 
Dem Gilson seng Wandmolerei am fréiere Merjai-Haus

An der Zäit wéi déi franséisch Revolutiounstruppen d'Klouschter zu Orval zerstéiert hunn, ass de Brudder Abraham Gilson, deen do Moler am Klouschter war, op Lëtzebuerg geflücht; hien huet dunn an der Abtei Neimënster am Gronn gelieft, huet awer vill Zäit bei sengem Frënd François-Xavier Merjai verbruecht. Am Haus Nr.11 an der Schigrisgaass (rue du Nord) an der Stad – dat deemools dem Merjai gehéiert huet - erënnert haut nach eng Wandmolerei vum Gilson un deem säin Openthalt zu Lëtzebuerg.

Den 13. Abrëll 1794 ass dem Cyprien säi Papp, de François-Xavier Merjai gestuerwen.

Nodeems déi franséisch Revolutiounstruppen am Juni 1795 an d'Stad Lëtzebuerg amarschéiert waren an d'Stad duerno den Haaptuert vum “Département des Forêts” gouf, ass de Cyprien Merjai a senger Stad net méi eens ginn; hie war éischter en Unhänger vum “ancien Régime” gewiescht. An der Zäit duerno ass hien héchstens nach duerch d'Stad getrëppelt an huet déi Kléischter besicht, déi vun de Fransousen ofgeschaaft gi waren a wou déi am gaange waren, se fir den allgemenge Gebrauch an d'Rei ze setzen. De Merjai hat weider kee Verlaange méi a wollt seng lescht Zäit an engem universelle Fridden an am Trouscht vun der Religioun verbréngen.

Am Joer 1805 huet hien ugefaange seng Memoiren ze schreiwen an deenen hien haaptsächlech op d'kënschtleresch Monumenter agaangen ass, déi hien op senge Reese besicht hat. Mat sengen detailléierte Beschreiwunge vun de Lëtzebuerger Stied a Monumenter aus där Zäit, huet de Merjai den Historiker grouss Déngschter geleescht, absënns well hien e geneeë Beobachter war.

De Cyprien Merjai ass de 5. Dezember 1822 a sengem Haus am Pafendall gestuerwen.

No him genanntÄnneren

Fir un de Cyprien Merjai z'erënneren ass zu Beggen eng Strooss no him benannt: d'rue Cyprien Merjai verbënnt d'rue de Beggen (N7) mat der rue Henri Dunant (CR233).

Referenzen an NottenÄnneren

  1. La vie de Pierre-Alexandre-Cyprien Merjai par Alphonse Sprunck an der Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 3; Säiten 18 - 97 op Luxemburgensia online
  2. Aner Quelle schwätzen vum 3. Februar Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Evy Friedrich, Ons Stad 25/1987, Säit 26
  3. „Mayence où règne un bruit affreux en voitures chargées de marchandises en carosses chargés d'une noblesse puante d'orgueil et de fierté sans compter des groupes de bourgeois qui les jours de dimanche sont frisés, poudrés pomadés....“ - „La vie de Pierre-Alexandre-Cyprien Merjai par Alphonse Sprunck“ Säit 31