Guillaume Leidenbach

lëtzebuergesche Politiker a Riichter

De Guillaume Leidenbach, gebuer den 13. Januar 1863 zu Ettelbréck [1], a gestuerwen den 8. Mee 1943 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Politiker (Rietspartei) a Riichter.

Guillaume Leidenbach
Gebuer 13. Januar 1863
Ettelbréck
Gestuerwen 8. Mee 1943
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Riichter
Partei Rietspartei
Famill
Kanner Joseph Leydenbach

Hie war Riichter um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg (Tribunal d'arrondissement de Luxembourg) a gouf den 31. Dezember 1912 zum Vizepresident vun deem Geriicht ernannt.[3]

Vum 15. Abrëll 1921 bis zu senger Nominatioun als Member vum Staatsrot de 14. Abrëll 1923[4] war hie Generaldirekter (Minister) fir Justiz a Bauten an der Regierung Reuter.

Hie war vum 14. Abrëll 1923 bis den 8. Mee 1943 Member vum Staatsrot.[5]

Hie war de Papp vum Joseph Leydenbach.

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. Acte de mariage vun der Gemeng Lëtzebuerg
  2. Doudesannonce vum Guillaume (Wilhelm) Leidenbach am Luxemburger Wort vum 10. Mee 1943 Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-07-09.
  3. Memorial A N°2 vun 1913 mat der Ernennung vum Guillaume Leidenbach Archivéiert de(n) 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-01-19.
  4. Publikatioun am Memorial vun der Demissioun vum Guillaume Leidenbach als Minister Archivéiert de(n) 2012-11-27. Gekuckt de(n) 2013-01-19.
  5. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  6. Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert goufen