Joseph Leydenbach

lëtzebuergesche Schrëftsteller

De Joseph Leydenbach (Leidenbach)[1], gebuer de 16. September 1903 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 7. Januar 1997, war e lëtzebuergesche Banquier a franséischsproochege Schrëftsteller.

Joseph Leydenbach
Gebuer 16. September 1903
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. Januar 1997
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Member vun Société des écrivains luxembourgeois de langue française
Famill
Papp Guillaume Leidenbach

Säi Liewen

änneren

No senger Première (1922) am Kolléisch huet de Joseph Leydenbach zu Antwerpen, Bréissel, Nanzeg a Bordeaux Droit an Ekonomie studéiert. 1929 huet hie bei der BIL ugefaangen ze schaffen. 1947 gëtt hien do zum Direkter ernannt. 1948 koum säin éischt Buch eraus, Les Désirs de Jean Bachelin an eréischt 1970 säin zweet. Vun do u koume reegelméisseg Romaner vun him eraus, bis 1989, wou e Sammelband vun 2 Novellen, Vie secrète, publizéiert gouf.

De Joseph Leydenbach war tëscht 1966 an 1976 President vun der Société des écrivains luxembourgeois de langue française (S.E.L.F.)

Hie war de Bouf vum Guillaume Leidenbach.

Säi Wierk

änneren
  • Le Destin, Theaterstéck, gouf net verëffentlecht
  • Les Désirs de Jean Bachelin, Roman, Éd. Corréa et Co., Paräis, 1948.
  • Nadia, Theaterstéck, 1953.
  • No Man's Land, Theaterstéck, 1953.
  • Piccolo, Roman, Éd. de la Renaissance du Livre, Bréissel, 1970.
  • Jeu d'Echecs, Roman, Éd. de la Renaissance du Livre, Bréissel, 1976.
  • Baladins, Roman, Éd. La Pensée Universelle, Paräis, 1979.
  • Histoire de Faux Pas, Roman, Éd. de la S.E.L.F., Lëtzebuerg, 1980.
  • Le Procureur, Theaterstéck, Paräis, 1981.
  • L'Otage, Roman, Éd. RTL, Lëtzebuerg, 1983.
  • Octave au Paradis, Roman, Éd. Institut Grand-Ducal, section des arts et lettres, Lëtzebuerg, 1984.
  • Griffes de Sorcières, Roman, Éd. Institut Grand-Ducal, section des arts et lettres, Lëtzebuerg, 1985.
  • Vie secrète, Roman, Éd. Institut Grand-Ducal, section des arts et lettres, Lëtzebuerg, 1988.

Gielchen

änneren

An der Stad Lëtzebuerg, zu Eech, gouf eng Strooss no him genannt.[3]

Bibliographie

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Gebuertsschäin Stad Lëtzebuerg
  2. Memorial A N°10 vun 1956 mat der l!escht vun de leit déi 1956 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  3. L-1947.