Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm

Romanserie

Gudde Gendaarm, béise Gendaarm ass den Titel vun enger Serie vu Kriminalromaner vum Lëtzebuerger Auteur Jean Schoos. Déi fënnef Romaner sinn an de Joren 2016 bis 2024 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskomm, et sinn:

Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm
(Romanserie)
Auteur Jean Schoos
Land Lëtzebuerg
Datum 2016 - 2024
Editeur Éditions Guy Binsfeld

All Buch huet als Ënnertitel: Dem Fischbach säin 1,, 2., 3., 4. oder 5. Fall. Domat ass kloergestallt, wien d'Haaptfigur an der Serie ass.

Personnagen änneren

René Fischbach änneren

De René Fischbach ass zu Lëtzebuerg gebuer, hien ass ee Stater, ee Bouneweger aus der Letellier-Strooss. No senger Première 1951 huet de René decidéiert, fir d'éischt emol säi Militärdéngscht ze maachen, fir duerno weider ze gesinn. Hien huet sech net nëmme vill ugestrengt, mä hien hat och Chance, well d'Arméi war amgaang sech ze vergréisseren.

No sengem Studium op der Offizéieschschoul zu Bréissel, war de Fischbach jonke Leitnant beim 6. Infanterie-Batallioun um Härebierg. Hien ass no etlechem Hin an Hier an d'Transmissioun komm, fir Funker auszebilden. Dat huet him awer guer net gefall, obwuel en zum 1. Leitnant avancéiert war. Hien huet sech ënnerfuerdert gefillt an d'Aussiichten op eng weider Carrière ware richteg schlecht. Et gouf ze vill där jonker Offizéier an domat war eng Promotioun an de Rang vum Kapitän verspaart.

Mat de virgezunnene Wale vun 1959 koum eng nei Regierung an en neien Arméisminister mat frëschen Iddien a Pläng, mä dat huet d'Saach net besser gemaach. De Fischbach krut erkläert, dass hie wëllkomm wär, fir an d'Gendarmerie ze wiesselen, virausgesat, datt hien d'Offizéieschschoul vun der franséischer Gendarmerie zu Melun géif absolvéieren an ee Joer Strofrecht géif studéieren.

Den 2. September 1963 huet de Fischbach seng Plaz als 1. Leutnant an der Sûreté ugetrueden an ass dem Kapitän Ernest Hamus säin Adjoint ginn. Hien hat och gläich säin éischte grousse Fall kritt. Fënnef Joer méi spéit, wéi de Fischbach säin zweete Fall enquêtéiert huet, gouf et Sträit tëschent him a sengem Virgesetzten, dem Majouer Hamus, deen hirer Zesummenaarbecht seriö schuede sollt.

Ufanks 1973 gëtt den Hamus Kommandant vum Bezierk Esch an de Fischbach réckelt als frëschgebakene Kapitän op deem seng Plaz als delegéierten Offizéier vun der Sûreté. Hie kritt dann och gläich säin drëtte grousse Fall ze léisen. Déi speziell Ëmstänn an d'Follge vun deem Fall verstäerken dem Fischbach seng Zweifelen um gudde Fonctionnement vun der Justiz a vun der Sûreté. Den definitive Broch kënnt am véierte Fall mam trageschen Enn vun enger Geiselaffär, wärend der uschléissender Pressekonferenz. De Majouer Fischbach verwandelt sech komplett vun engem gudden, engagéierten an éierlechen, an e béisen, desillusiounéierten a verlugene Gendaarm.

Aner wichteg Personnagen änneren

  • Gaspard Alzin, Joergang 1924. Säit 1948 an der Gendarmerie. Hie war 1968 Wachtmeeschter zu Veianen. 1978 Commissaire adjoint an der Penal-Sektioun vun der Sûreté. Säit 1979 ass hien als Commissaire coordinateur a riets Hand vum delegéierten Offizéier. 1983 Commissaire en chef.
  • Alphonse Decker, Joergang 1915, war Adjudant chef a Kommandant vun der Brigade Réiden. Hien ass de Papp vum Sophie a vum Louise an domat dem René Fischbach säi Schwéierpapp. Hie kennt sech gutt an der Gendarmerie aus an de René freet hie gären eng Informatioun oder ee Rot.
  • Jacques Demuth, Joergang 1936. Säit 1958 an der Gendarmerie. Hie war 1968 Brigadier zu Waasserbëlleg. 1978 Inspekter an der Penalsektioun, 1983 Commissaire adjoint.
  • André Feller, Joergang 1937. Säit 1959 an der Gendarmerie. Hie war 1968 Brigadier zu Housen. 1978 Inspekter an der Penalsektioun, 1983 Commissaire adjoint.
  • Ernest Hamus, Joergang 1925, war 1963 Kapitän an delegéierten Offizéier vun der Sûreté. 1968 war hie Majouer a weiderhin dem Fischbach säin direkte Chef. Bis 1968 war hie Member vum Dickweiler Krees. 1973 Kommandant vum Bezierk Esch. 
  • Gabriel Jentgen, Joergang 1942, ass Expert wat Waffen a Munitioun ugeet. Hie war bis 1978 op der Brigade Iechternach, du gouf hien Inspekter an der kriminaltechnescher Sektioun.
  • Romain Krack, Joergang 1936. Säit 1959 an der Gendarmerie. Säit 1978 Commissaire adjoint an der kriminaltechnescher Sektioun, 1983 Commissaire.
  • Maurice Lacaf, 1934 gebuer, ass de Fils vum Fernand Lacaf a war bis 1967 Offizéier an der Arméi. 1963 war hien am Artillerie Batailloun an huet mat senge Kollege kromm Geschäfter bedriwwen. Well hie bei der Arméireform 1967 vum Staat keng aner Plaz ugebuede krut, ass hien als Personalchef an d'Industrie gaangen. Mat sengen ale Kollegen huet hien ee Versécherungsbedruch organi­séiert, dee fir den Dickweiler Krees geféierlech gëtt. Doropshinn, huet säi Papp him niewent der Juegd och d’Leedung vum Krees mat de Kontakter zu CIA a BND iwwerlooss. De Maurice huet kuerz duerno ugefaangen, jonk Zaldoten a Gendaarmen zu Dickweiler am Kampfsport auszebilden.
  • Philippe Leotard ass Entrepreneur am Hesper Bierg a Member vum Dickweiler Krees. Hien ass geléierte Steemetzer.      
  • Louise Fischbach. Dem René seng Fra Louise, gebuer 1939, dat jéngst Meedche vum pensionéierten Adjudant chef Decker. Hatt huet sech am Juni 1965 mam René Fischbach bestuet. Hir Duechter Marianne ass 1966 op d’Welt komm an hire Fils Claude Nicolas 1969.
  • Gérard Massard, Joergang 1930. Säit 1952 an der Gendarmerie. Hie war 1968 Wachtmeeschter zu Eech. 1978 Inspekter an der Penalsektioun, 1983 Commissaire adjoint. Hien huet eng aggressiv Aart, fir Verhéieren ze féieren, dofir gëtt hien de béise Gendaarm genannt.
  • Guillaume Meyers, 1968 war hie Leitnant an der A-Kompanie vun der Arméi. Hie schléisst sech 1969 dem neien Dickweiler Krees un a bréngt den Henri Majerus a Marcel Jost mat.
  • Garry Müller, Proprietär vum Garage US Cars and Vehicles. Hien huet säit Joren de Maurice Lacaf als Client. Hien huet him e brongen Pontiac an e schwaarzen Impala verkaf.
  • Gilbert Müller, 1920 gebuer a säit 1945 an der Gendarmerie. 1963 Inspekter an der Sûreté, 1968 Commissaire adjoint, 1973 Commissaire an der Friemesektioun vun der Sûreté an zanter 1978 Commissaire en chef.
  • Hubert Niederkorn, 1963 Gendaarm vun der Brigade Diddeleng, 1968 Brigadier zu Iechternach. Hie kann schnell Protokoller schreiwen. 1983 Oberwachtmeeschter zu Iechternach
  • Didier Parmentier, ass Hotelier a Proprietaire vum Cabaret Chez Loulou. Hie ass vu Metz, wou seng Elteren och een Hotel hunn, dee genau esou heescht wéi säin zu Lëtzebuerg: Hôtel des Ducs de Lorraine. Seng Famill war ursprénglech vun Däitsch-Oth. 
  • Armand Reisen, war bis 1967 Offizéier an der Arméi. Vun 1963 war hien am Artillerie Batailloun zu Baumholder an huet mat senge Kolleege Lacaf a Groben kromm Geschäfter bedriwwen. Hien ass no der Reform vu 1967 an de Lëtzebuerger Geheimdéngscht SREL iwwerholl ginn. Hie war mat dobäi, wéi de Léon Groben vun hannen erschoss ginn ass, hat awer näischt mat dem Muerd ze dinn. Kuerz duerno fänkt hien e Verhältnes mam Maryse, dem Groben senger Wittfra un. 1973 spillt hie Bodyguard fir den Hotelier Didier Parmentier, woubäi e fréiere belsche Parachutist bei Bäerdref vun engem Fiels fält. 1978 ass hien un där éischter Missioun vum GIGG bedeelegt an, wou hien offensichtlech ze wäit geet. Als Konsequenz muss hien ausser Siicht op Pullach bei de BND als Officier de liaison.
  • Eugène Schintgen, 1933 gebuer. Zënter 1973 ass hien Inspekter an der Penalsektioun vun der Sûreté. 1979 Commissaire adjoint. Hien huet eng duuss Aart, fir Interrogatoiren ze féieren, dofir gëtt hien de gudde Gendaarm genannt.
  • Jean-Paul Schuller, war 1968 Kapitän an der Arméi a Chef vun der A-Kompanie. 1983 ass hie Majouer.
  • Alain Seiler, Joergang 1930. Säit 1952 an der Gendarmerie. Hie war 1968 Wachtmeeschter zu Beetebuerg. 1978 Inspekter an der Penalsektioun. 1983 Commissaire.
  • Sylvain Ulveling, 1968, Inspekter an der Penalsektioun. 1983 Commissaire.
  • Joe Vanderneden, war 1968 Wachtmeeschter vun der Brigade Iechternach, 1973 Oberwachtmeeschter, 1983 Adjudant a Kommandant vun der Brigade Iechternach.
  • Marc Wilmes, ass dem René Fischbach säi gudde Frënd aus der Zäit, wou déi zwéi bei der Arméi waren. Hien ass Logistikoffizéier a liwwert dem René Informatiounen.