Déidlech Ofgrënn

Roman vum Jean Schoos

Déidlech Ofgrënn. Dem Fischbach säin 3. Fall ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Jean Schoos, deen 2018 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Et ass, no Den drëtte Schlëssel a Schaarf Munitioun, den drëtte Roman aus der Serie Gudde Gendaarm, béise Gendaarm.

Déidlech Ofgrënn.
Dem Fischbach säin 3. Fall
Auteur Jean Schoos
Land Lëtzebuerg
Genre Kriminalroman
Erauskomm 2018
Verlag Éditions Guy Binsfeld
Serie Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm
ISBN-13 978-99959-42-41-0

Ëm wat geet et am Roman?

änneren

De Kommandant vun enger Gendarmerie-Brigade gëtt op Ouschtersonndeg a sengem Büro mat enger Kugel am Kapp opfonnt. Am Nopeschhaus gëtt een anere Gendaarm fonnt, dee kuerz drop an de Koma fält. Vum Drëtten an der Ronn, dee mat op der Sauftour war, feelt all Spuer. Et stellt sech eraus, datt et net déi éischt, mee fir déi zwéi Gendaarmen, déi lescht Sauftour war. D'Enquête féiert an d'Vergaangenheet vun enger Grupp vun jonken Zaldoten aus der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie, déi wärend der Nazi-Herrschaft zu Lëtzebuerg, an en däitscht Polizeibataillon agezunn goufen. Nom Krich koumen si als Zwangsrekrutéiert zeréck an hu sech d'Wuert ginn, iwwer déi Zäit mat kengem ze schwätzen. Well si awer hir Erliefnesser net verkraafte konnten, hunn en etlech vun hinne s'am Alkohol erdronk, wat du fatal Konsequenze krut.

Personnagen

änneren

De René Fischbach ass zanter dem Januar 1973 Kapitän an delegéierten Offizéier an der Sûreté. Enn September 1963 hat de René um Bal vun der Gendarmerie d'Louise Decker kënne geléiert, eng Duechter vum Kommandant vun der Brigade vu Réiden, mat deem de René déngschtlech ze dinn hat. Si hu séier zouenee fonnt a goufen am Juni 1965 bestuet. Am Februar 1966 ass hir Duechter Marianne op d'Welt komm. Enn Oktober 1968 hu s'een Haus gesteet, dat se moderniséiert hunn. Ufank 1969 ass déi jonk Famill Fischbach vum Boulevard de Verdun an d'Zéissenger Strooss geplënnert. Do krute si am selwechte Joer hire Bouf Claude.

A senger neier Funktioun gëtt de Fischbach vum Commissaire en chef Philippe Thoma ënnerstëtzt, deen als Coordinateur eng zentral Positioun huet. Wichteg Mataarbechter sinn d'Inspektere Gérard Massard an Eugène Schintgen, déi eng Technik fir Interrogatoiren ze féieren, beherrschen, déi si „gudde Gendaarm, béise Gendaarm“ nennen.

Déi zwéi Gendaarme vun der Brigade Rued-Sir, deenen hiren Doud dem Fischbach seng Enquête ausgeléist huet, waren den Oberwachtmeeschter Dominique Franck, genannt Dëm an de Wachtmeeschter Emile Turpel, genannt Mill. Si hu sech zanter hirer gemeinsamer Zäit an der Fräiwëllegekompanie kannt. Dat war och de Fall fir de Kommissär an der kriminaltechnescher Sektioun vun der Sûreté, Edmond Welbes, d'Wachtmeeschtere Léon Maurer vun der Brigade Lëtzebuerg, Ferdinand Paulus vun der Brigade Gréiwemaacher, den Oberwachtmeeschter Nicolas Schumann vun der Brigade Diddeleng an de Raymond Huss Agent am Service de renseignement de l'État. Den eenzegen Net-Beamten an der Ronn war dem Fernand Lacaf säin Eedem, de Roland Glesener, en Händler vu landwirtschaftleche Maschinnen zu Housen an Deputéierte vun der konservativer Partei am Norden.

Am Roman, deen 1973 spillt, geet et nees ëm d'Krichsgeneratioun, déi mat hirer Vergaangenheet ze kämpfen huet, ëm eng staatlech Autoritéit, déi alles drusetzt fir datt d'Saachen ënner dem Teppech bleiwen, an ëm antikommunistesch Ënnergrondorganisatiounen, déi sech mat Militärvertrieder zesummendinn.

De Fischbach, deen ewell zum Kapitän promovéiert ass, geet ë. a. der däischterer Geschicht vun de Lëtzebuerger am Reserve-Polizei-Bataillon 101 op de Grond. De Batailloun war am Zweete Weltkrich a Polen a Massemuerde verwéckelt.[1]

Literatur

änneren
  • Schoos, J. (2018). Déidlech Ofgrënn. Dem Fischbach säin 3. Fall. 1973. 216 S. Éditions Guy Binsfeld, Luxembourg 2018. ISBN 978-99959-42-41-0.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Luc Caregari: "Jean Schoos: Déidlech Ofgrënn." woxx.lu, 2018-09-28.