Operatioun Meedag
Operatioun Meedag. Dem Fischbach säi véierte Fall ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Jean Schoos, deen 2019 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Et ass dee véierte Roman aus der Serie Gudde Gendaarm, béise Gendaarm.
Ëm wat geet et am Roman? änneren
De Roman spillt am Joer 1978. Am Bettenger Klouschter gouf et eng Geiselnam, wou zwéin ausser Kontroll gerode Bouwen ëm d'Liewe komm sinn. Donieft muss awer och en terroristescht Attentat op d'Veranstaltung vun de Gewerkschafte fir den 1. Mee, zu Esch-Uelzecht op der Brillplaz, verhënnert ginn.
De Fischbach fënnt a béide Fäll Spueren, déi an déi selwecht Richtung deiten...
Personnagen änneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Fischbach ass ewell zum Kapitän an der Gendarmerie avancéiert a muss sech méi a méi mat administrativen Aarbechte beschäftegen a mat deem, wat derhannert stécht.
Soss änneren
De Krimi vermëscht, wéi gewinnt, historesch Fakte mat fiktiven Elementer.
Literatur änneren
- Schoos, J. (2019). Operatioun Meedag. Lëtzebuerg. Éditions Guy Binsfeld, ISBN ISBN 978-99959-42-54-0.
Um Spaweck änneren
- Luc Caregari: "Jean Schoos: Operatioun Meedag." In: woxx 22.11.2019 (Rezensioun).