Jean Schoos (Psycholog)

lëtzebuergesche Psycholog a Schrëftsteller
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Psycholog an Auteur Jean Schoos. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Jean Schoos.

De Jean Schoos, gebuer den 8. September 1947 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Psycholog a Schrëftsteller.[1]

Jean Schoos
Gebuer 8. September 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Psycholog, Schrëftsteller
Famill
Kanner Thomas Schoos

No engem Studium vu Chimie, Physik a Mathematik, vun 1967 bis 1969, huet de Jean Schoos vun 1969 bis 1975 op der Universitéit Heidelberg Psychologie a Soziologie studéiert. No 3 Joer als wëssenschaftleche Mataarbechter an enger Aarbechtsgrupp zu Heidelberg gouf hien 1978 Direkter a vun 2000 un Administrateur délégué vum Jongenheem (Centre d'Insertion et de Réinsertion Professionnelle) zu Bartreng. 2011 gouf e pensionéiert.

Hien huet 2016 säin éischte Policeroman aus der Serie Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm geschriwwen: Den drëtte Schlëssel, mat den Haaptprotagonisten, dem 1. Leitnant Fischbach vun der Sûreté an dem Kommissär Faber vun der Stater Police. 2017 koum "dem Fischbach säin 2. Fall" ënner dem Titel Schaarf Munitioun eraus, 2018 deen drëtten, Déidlech Ofgrënn, an 2019 Operatioun Meedag, "dem Fischbach säi 4. Fall". Am Abrëll 2024 koum dunn dee fënneften a leschte Band mam Titel Attentat eraus.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op autorenlexikon.lu.