Schaarf Munitioun. Dem Fischbach säin zweete Fall ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Jean Schoos, deen 2017 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Et ass, no Den drëtte Schlëssel, den zweete Roman aus der Serie Gudde Gendaarm, béise Gendaarm.

Ëm wat geet et am Roman? änneren

Den Zaldot Fred Peiffer gëtt bei engem Nato-Manöver am Oste vum Land schwéier blesséiert: et ass mat schaarfer Muitioun op hie geschoss ginn, an net mat blanner Munitioun, wéi dat bei sou engem Manöver üblech ass. Den Dag drop brennt de Juegdchalet of, an deem sech de Virfall ofgespillt huet. Den Éischte Läitnant Fischbach vun der Sûreté ass iwwezeegt, datt et en Zesummenhang tëscht deenen Evenementer gëtt a setzt alles drun, fir der Saach op de Fong ze goen. Ma net jiddweree schéngt Interessi drun ze hunn, datt de Fall opgekläert an déi Responsabel fonnt ginn ...

Personnagen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Fischbach huet sech an de vergaangene fënnef Joer zu engem vun deene beschten Ermëttler an der Lëtzebuerger Gendarmerie entwéckelt. Am Laf vun der Zäit gëtt et him awer och ëmmer méi bewosst, datt bei verschiddene Fäll "vun uewen" net ëmmer erwënscht ass, datt en s'opgekläert solle ginn...

Soss änneren

De Roman spillt 1968 zu Lëtzebuerg mat Zeenen op verschiddene bekannte Plazen, mä och am Ausland, wéi zu Heidelberg a Kopenhagen, wou de Fischbach wichteg Indizien an Zeie fir seng Enquête fënnt.

Hannergrond ass de Kale Krich mat sengen Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi schonn am éischten Deel ginn och dës Kéier nees geschichtlech Fakten a Fiktioun gläichermoossen an d'Geschicht afléisse gelooss.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren