Grousst Bombardement
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Als Grousst Bombardement (englesch: Late Heavy Bombardment, LHB) gëtt eng Zäit wärend der Entwécklung vum Sonnesystem bezeechent, an där op déi nach jonk bannenzeg Planéiten (d'Gestengsplanéiten Merkur, Venus, Äerd, Mars) an den Äerdmound vill grouss Asteroiden an aner Reschtkierper vun der Planéiteformung gestierzt sinn.
Dës Epoch gëtt op d'Zäit vun ongeféier 4,1 bis 3,8 Milliarde Joer ugesat. Si hat groussen Afloss op d'Uewerflächegestalt vum Mound an op déi éischt Entwécklungsniveaue vum ierdesche Liewen. Vill vun den ageschloene Kierper ware Planéitesimaler mat Gréissten tëscht 1 a 50 km.
Wierkung op Mound an Äerd
ännerenDat grousst Bombardement konnt virun allem duerch d'Altersbestëmmunge vum Moundgestengs erfuerscht ginn, dat vun den Apollo-Astronauten 1969–1972 op d'Äerd bruecht gouf. Dobäi hat sech gewisen, datt déi meescht (ongeféier 50) vun de geschmolte Steng duerch Aschléi an enger geologesch relativ kuerzer Period entstane waren. Mineralogesch Charakteritike vun dëse Moundprouwen hunn op grouss Kollisiounen ëm 500 Mio. Joer no der Genesis vum Äerd-Mound-System schléissen.
Bei neie Fuerschunge sinn allerdéngs Zweiwel iwwer d'Ofstamung vum datéierte Material entstanen. Et gëtt fir méiglech gehalen, datt speziell déi Prouwen déi Apollo 17 aus dem Mare Serenitatis matbruecht huet, tatsächlech Ejekta vum Aschlag sinn, bei deem d'Mare Imbrium entstanen ass.>!--, déi zäitlech ugrenzend Steng aus dem Mare Serenitatis a Mare Imbrium sou nëmme scheinbar wier an den Aschlag, duerch deen d'Mare Serenitatis entstoung, wiesentlech méi laang zeréck läit. Doduerch get d'Theorie vum Grousse Bombardement a Fro gestallt.[1]-->
Um Äerdmound haten déi grouss Kierper zu der Formung vun de Moundmierer gefouert, well aus hiren Aschlagplaze Magma no uewe koum a wäitreechend flaach Basalt- a Lavadecken geformt haten. Anomalien am Schwéierfeld vum Mound si bis haut lokal Masseniwwerschëss am Kär vun eisem Trabant nozeweisen, déi sougenannt Mascons, déi wuel duerch déi schwéier Käre oder Reschter vun den ageschloenen Asteroide bedéngt sinn.
Déi mëttelgrouss Kierper vum Bombardement (1 bis 20 km) hunn déi meescht vun de Moundkrater a Rankbierger, déi bis zu 300 km Duerchmesser hunn geformt. Als Richtwäert kann ugeholl ginn, datt den Aschlagkrater 10- bis 20-mol méi grouss ass wéi den Impaktkierper selwer.
Nom Grousse Bombardement goufen d'Aschléi méi rar, well d'Planéiten aus der Ëmgéigend hir Ëmlafbunne vun de klenge Kierper „gebotzt“ haten. Dofir hunn déi Moundkrateren duerno méi kleng Duerchmiesser.
D'Verhältnesser op de Planéite Merkur a Mars waren änlech an hir Spuere sinn och bis haut ze gesinn. Op der Äerd si vun de Kratere vum Bombardement wéinst der Ëmwälzung vun der Äerdkuuscht duerch d'Plackentektonik an der Erosioun wiesentlech manner Spueren erhalen, ausserdeem op de Ozeanbieden nëmme souer, déi méi jonk wéi 300 Millioune Joer sinn, also eréischt laang no dem Bombardement entstanen.
Méiglech Ursachen
ännerenZu den Ursache vum „Grousse Bombardement“ gëtt et verschidden Hypotheesen. Ufanks haten d'Planetologen ugeholl, datt d'Aschlagkierper duerch d'Asteroide wéi och Koméite entstane waren.
Déi am heefegst vertrueden Theorie ass, datt déi véier grouss, nei entstane Gasplanéiten (Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun) duerch gravitativ Wiesselwierkung mat de Klengkierper an hirer haiteger Ëmlafbunne migréiert hunn, wouduerch si bei de klengere Kierper wéi deene vun der haiteger Asteroiden- an Kuiperceinture massiv Bunnstéierungen ausgeléist hunn. Doduerch koume vill Klengkierper och op staark exzentresch Bunnen, wat si méi an d'Géigend vun de véier terrestresche Planéite bruecht hat.
Aner Wëssenschaftler féieren déi vill virun 3900 Joermillioune opgeschmolte Moundgesteng op en eenzege groussen Opschlag zeréck, dee mat dem Südpol-Aitken-Becken zesummenhänke kënnt.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- P. Moore, G. Hunt: Atlas des Sonnensystems Herder, Freiburg-Basel-Wien 1990
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Paul D. Spudis, Don E. Wilhelms, Mark S. Robinson: The Sculptured Hills of the Taurus Highlands: Implications for the relative age of Serenitatis, basin chronologies and the cratering history of the Moon. In: Journal of Geophysical Research Bd. 116 (2011), doi:10.1029/2011JE003903. Siehe auch New Research Casts Doubt on Late Heavy Bombardment (astrobio.net).