Grand Café (Stad Lëtzebuerg)

De Grand Café war eng Wiertschaft op der haiteger Nummer 11[1] vun der Plëss d'Arem an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Ënner dem fréieren Numm ass dunn do am Mäerz 2017 eng Brasserie nei op gemaach ginn.

Grand Café
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'39,420"N, 6°7'45,444"O

Historesches änneren

An der Zäit vun der Belle Époque war de Grand Café eng stad- a landbekannt Plaz wou d'Leit sech getraff hunn. Och duerno goung een an de Grand Café fir ze gesinn a gesinn ze ginn.

Gebai änneren

D'Pläng vum Gebai an d'Skizze vun der bannenzeger Ariichtung goufe vum Charles Mullendorff (1861-1895) gezeechent.

D'Haus huet am 18. Joerhonnert dem Konschtschmadd Pierre Petit gehéiert, deen do ënner anerem de Votivaltor vun der Kathedral oder d'gosse Gelänner vum Refuge Sankt Maximin geschaf huet. Géint Enn vum 19. Joerhonnert ass d'Gebai vun der Famill Léon Schmit-Hildgen an eng Wiertschaft ëmgebaut ginn, déi den 22. Dezember 1894 Ouverture geféiert huet.

De Grand Café war bannendra mat Blummen dekoréiert, Spigelen houngen un de Maueren, Gasluuchten hu vum héije Plaffong erof geliicht. 1956 gouf d'Gebai eng éischt Kéier ëmgebaut. Uganks vun den 1980er Jore gouf et nach eng Kéier ëmgebaut, deemools ass och déi original Keramik-Fassad ewechgeholl ginn. Zanter du bis 2014 war de Restaurant L'Académie dran.

D'Gebai gouf tëscht 2015 an 2017 vum Architektebüro Tetra Kayser Associés renovéiert an ass am Mäerz 2017 erëm opgaangen.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Grand Café – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. ursprénglech war et d'Hausnummer 5