Gliese 581 c
De Gliese 581 c ass en Exoplanéit, deen de rouden Zwerg Gliese 581 ëmkreest. Hien ass méiglecherweis an der bewunnbarer Zon vu sengem Planéitesystem, dat heescht an deem Beräich, an deem Waasser opgrond vun den Temperaturen dauerhaft an a genügende Quantitéiten am flëssegen Zoustand existéiere kann. Den Exoplanéit ass am Stärebild Libra, ongeféier 20,4 Liichtjoer (ronn 193 Billioune Kilometer) vun der Äerd ewech.
Eegenschaften
ännerenHie brauch ronn 13 Äerddeeg fir en Ëmlaf ëm den Zentralstär, vun deem hien nëmmen 1/14 vun der Äerd-Sonn-Distanz trennt. Den Duerchmiesser vun dësem Planéit gëtt op dat 1 ½ facht vum Äerdduerchmiesser geschat. D'Miessunge vun den Entdecker vun der Universitéit Genf liwwere fir de Gliese 581 c Mindestmoossen, déi ongeféier dem Fënneffache vun der Äerd entspriechen a fir eng 2,2-fach Gravitatioun suergt.[1]
Mat enger méiglecher Temperatur vu –3 bis +40 °C ass de Gliese 581 c den éischten entdeckte Planéit, op deem Temperature wéi op der Äerd kéinte sinn. Déi genannt Temperaturwäerter si Schätzunge bei deenen d'Reflexionseegeschaften d. h. d'Albedo vun der Venus an der Äerd ugeholl goufen. Am Fall vun enger Atmosphär wier déi tatsächlech Uewerflächentemperatur duerch en natierlechen Zäreneneffet erhéicht, dee vun der spektraler Stralungsverdeelung vum Zentralstär an der Atmosphärenzesummesetzung ofhänkt. Nei Kreesbunn- a Klimaberechnunge loossen unhuelen, datt de Planéit ze waarm ass, fir äerdänlech Liewesformen opzehuelen.
D'Rotatioun vm Planéit ass méiglecherweis u säin Ëmlaf ëm säin Zentralstär gebonnen: Eng Säit wier deemno ëmmer zum Zentralstär gedréint, an déi aner ëmmer däischter. Doduerch wier de Planéit extreeme klimatesche Bedéngungen ausgesat. Atmosphäresch Stréimunge kéinten op der kaler Säit zwar Liewen erméiglechen, warscheinlech ass awer, datt déi Säit mat Äis bedeckt ass.[2]
Den Alter vum Planéit gëtt wéi dat ganzt System Gliese 581 op en Alter vu 4,3 Milliarde Joer geschat; zum Verglach: d'Äerd ass viru ronn 4,57 Milliarde Joer entstanen
Ëmlafbunn
ännerenGliese 581 c ëmkreest säi Stär bannent 13 Deeg op enger Distanz vun 11 Millioune km (zum Verglach Date vun der Äerdbunn: 365 Deeg, 150 Millioune km).
Tatsächlech observéiert goufen heibäi nëmmen d'Ëmlafzäit vun 13 Deeg; d'Distanz gouf doraus an aus der ugehollener Mass vum Stär berechent. Geneegeholl handelt et sech bei den 11 Millioune km ëm d'grouss Hallefachs vun der Bunn; am Fall vun enger gréisserer elliptescher Bunn géif d'Bunn deels méi no, deels méi wäit verlafen (vergläich mat de Gesetzer vum Kepler).
Entdeckung
ännerenDe Planéit gouf vun engem Team ënner der Leedung vum Stéphane Udry vum Observatoire vu Genf mat engem Teleskop am La-Silla-Observatoire am Chile entdeckt. Dat selwecht Team hat schonn Gliese 581 b entdeckt. D'Entdeckung gouf de 24. Abrëll 2007 publizéiert.[3].
Entdeckt gouf Gliese 581 c duerch d'Radialvitessmethod (kuckt d'Zeechnung). Genee Miessunge stinn noch aus.
Flëssegt Waasser
ännerenDe Gliese läit zwar an der habitabeler Zon, wou flëssegt Waasser, d'Grondviraussetzung fir Liewen no mënschlechem Verständnes, existéiere kënnt. Et konnt awer nach keen direkte Beweis fir déi Thees bruecht ginn.[4] Et well ee mat de Methoden, mat deenen och bei HD 209458 b Waasserdamp nogewise konnt ginn, elo och de Gliese 581 c ënnersichen. Mä och am Fall vun engem Nowäis vu Waasserdamp ass kaum mat mat Liewen ze rechnen, well den Zentralstär Gliese 581 e verännerleche Rouden Zwergstär ass, deen an onreegelméissegen Ofstänn Röntgenstralenausbréch weist, déi déidlech Dosissen dacks iwwertreffen (BY-Draconis-Verännerlecher).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gliese 581 c – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Udry, et al.The HARPS search for southern extra-solar planets. XI, An habitable super-Earth (5M) in a 3-planet system. in: Astronomy and Astrophysics (preprint).
- ↑ http://www.sciam.com/article.cfm?chanID=sa004&articleID=000CC344-B043-1353-AF3383414B7FFE9F
- ↑ Scientific American: All Wet? Astronomers Claim Discovery of Earth-like Planet
- ↑ http://www.nytimes.com/2007/04/25/science/space/25planetcnd.html?_r=1&oref=slogin