Gibbs (Moundkrater)
Moundkrater
De Gibbs ass en Aschlagkrater um ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit, nordëstlech vum Krater Humboldt a südëstlech vum Ansgarius. De Kraterrand ass liicht erodéiert, bannendran ass en hiwweleg. Bei engem Aschlag um nordëstleche Kraterrand ass e klengt Stralesystem entstanen, dat en Zentrum mat enger héijer Albedo huet.
Moundkrater Gibbs | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | -18,34° S |
Längt | 84,23° O |
Duerchmiesser | 78,76 km |
Déift | 3960m[1] |
Selenographesch Längt | 277° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Josiah Willard Gibbs (1839–1903) |
Genannt am Joer | 1964 |
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
D | 13,14° S, 85,9° O | 14 km | [1] |
De Krater krut 1964 vun der I.A.U. den Numm vum US-amerikanesche Physiker Josiah Willard Gibbs.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.