Humboldt (Moundkrater)

Moundkrater

Den Humboldt ass mat ronn 200 Kilometer Duerchmiesser e ganz groussen Aschlagkrater um ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit, tëscht dem Mare Fecunditatis am Nordosten an dem Mare Australe am Süden. Op sengem nërdleche Rand läit de klenge Krater Hecataeus, an um westleche Rand de Krater Phillips. De Kraterrand ass staark erodéiert an ass terrasséiert. Bannen ass en zimmlech flaach mat engem Zentralbierg, op dee radial Strukture lafen.

Moundkrater Humboldt
De Moundkrater Humboldt an Ëmgéigend
(LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet -26,85° S
Längt 80,76° O
Duerchmiesser 199,46 km
Déift 5160m[1]
Selenographesch Längt 254° bei Sonnenopgank
Genannt nom Wilhelm von Humboldt
(1767–1835)
Genannt am Joer 1935

Vum nordëstleche Ramplisrand geet d'Kraterkette Catena Humboldt fort, och an nordëstlecher Richtung.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 30,77° S, 83,64° O7 21 km [1]
N 26° S, 80,64° O7 14 km [2]

De Krater krut 1935 vun der I.A.U. den Numm vum däitsche Sproochwëssenschaftler a Politiker Wilhelm von Humboldt. No sengem besser bekannte Brudder, dem Naturfuerscher Alexander von Humboldt, ass d'Mare Humboldtianum genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

 
De Krater Humboldt (ënne riets) an den Hecataeus (Mëtt) op enger Foto vun Apollo 15

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.