Ansgarius (Moundkrater)

Moundkrater


Den Ansgarius ass en Aschlagkrater no beim ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit. Vun der Äerd aus gesinn, gesäit hien, wéinst der optescher Verkierzung, als laanggezunnenen Oval aus. A Wierklechkeet ass de Krater awer perfekt kreesfërmeg. Hie läit südëstlech vum Krater La Pérouse an nërdlech vum Krater Behaim.

Ansgarius
De Moundkrater Ansgarius mat Niewekrateren
(LROC-WAC)
Koordinaten 12°55'12"S, 79°43'12"O
Duerchmiesser 91,4 km
Déift 4.190 m
Selenographesch Längt 181° bei Sonnenopgank
Genannt no Ansgar
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21

De Kraterrand vum Ansgarius huet keng grouss Erosiounsspueren. Am Südwesten ass en ofgeplatt an dréckt sech an eng eeler Formatioun, vun där bis op de westleche Rand kaum Iwwerreschter z'erkenne sinn. Déi bannenzeg Wänn sinn terrasséiert. De Kraterbuedem ass relativ flaach a seng Uewerfläch gëtt nëmme vun e puer Minikrateren opgerappt.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 11,99° S, 84,15° O7 33 km [1]
C 14,79° S, 74,82° O7 16 km [2]
M 11,24° S, 78,78° O7 8 km [3]
N 11,92° S, 81,16° O7 10 km [4]
P 13,06° S, 75,66° O7 10 km [5]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren