Lëtzebuerger Bicherpräis

De Lëtzebuerger Bicherpräis war e Präis zu Lëtzebuerg, deen tëscht 2010 an 2014 vum Verlag Ultimomondo vergi gouf.

De Präis ass vum Ultimomondo-Verlag gestëft ginn, aus Reaktioun dorop, datt de Lëtzebuerger Buchpräis vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren, deen et scho méi laang gëtt, just Bicher aus de Verlagen, déi bei hinne Member sinn, nominéiert, an duerch d'Modalitéit vun der Auswiel d'Lëtzebuerger Literatur net genuch gewierdegt géif. Fir de Lëtzebuerger Bicherpräis do dergéint zielt virun allem de Verdéngscht ëm d'Literatur zu Lëtzebuerg. De Laureat ka Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen.[1]

D'Laureate gi mat enger Statu vum Klaudia Kampa, De Koubold genannt, ausgezeechent a kréien d'Méiglechkeet, eng Publikatioun vun hinne bei engem Verlag erausbruecht ze kréien.[2]

Laureaten änneren

Referenzen änneren

  1. may: "Über Literaturpreise und den Preis des Literaturbetriebs: Die im Dunkeln sieht man doch!" journal.lu, 28.10.2010.
  2. 2,0 2,1 "Bicherpräis" fir "Salon du Livre et des Cultures (CLAE)" RTL - 25.10.2012, 10:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.10.2012, 10:23.
  3. "Lëtzebuerger Bicherpräis 2014 fir d'Revue littéraire "Abril" a fir de Jean-Marie Reding." rtl.lu, 10.10.2014, 15:59:20.
  4. "'Bicherpräis' fir d'Bibliothéike vum Cid-femmes a vum CITIM." rtl.lu - 09.10.2013, 16:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2013, 08:19.
  5. "Lëtzebuerger Bicherpräis 2011 fir d'Germaine Goetzinger." rtl.lu - 26.09.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.09.2011, 08:52.