Georges Urwald

lëtzebuergesche Komponist a Musekspedagog


De Georges Urwald, gebuer den 13. Mäerz 1971 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Komponist, Arrangeur, Museker, Musekspedagog an Editeur. Hien ass zanter 2004 Professer fir éducation musicale am Iechternacher Kolléisch. Nieweberufflech ass hien an enger Rei vu Museksprojeten a -gruppen aktiv. Mat ënnerschiddleche Formater frëscht hien zanter 2011 d'Lëtzebuerger Lidderkultur op. Zu Gréiwemaacher leet hien de Stuedtheater.

Georges Urwald
Gebuer 13. Mäerz 1971
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist
Member vun D'Cojellico's Jangen, Garlicks

Formatioun änneren

De Georges Urwald huet op der Musekshéichschoul zu Köln Schulmusik (mat Haaptfach Kierchenuergel) an Jazzinstrumentalpedagogik (Haaptfach Piano), an op der Kölner Universitéit Fachpedagogik studéiert.

Säi Liewen änneren

Vun 1984 bis 2016 war hie Pianist vum Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher, wou hie säin éischte Kontakt mat Begleeden, Arrangéieren an Improviséieren kritt hat. No sengem Auslandsstudium huet hien zu Lëtzebuerg beim Salonorchester Les Salonnards (1997-2005), beim Tangosquintett La Boca (2003-2007), am Ensembel Lettres ronderëm de Liddermécher Michel Clees an als Komponist a Pianist an der Raquel Barreira Acoustic Group gespillt. Tëscht 1998 an 2009 war hie reegelméisseg als Pianist a Komponist vum Lëtzebuerger Jazztrio Garlicks op Festivallen am Land an am Ausland ze héieren. Garlicks bréngt 4 CD-Alben eraus: Mutant Standards (2001), Mosaiamo (2003), Cold Rain (2005), Live at l'inouï (2007)

Säin Duo-Projet mat der Lëtzebuerger Saxophonistin Nadine Kauffmann, an deem klassesch Musek mat Improvisatioun kombinéiert gouf, huet zanter 2004 Quadrivium geheescht. Hir éischt Produktioun war en Hommage un d'Kastraten: Il Canto dell'Usignolo, fir Sopran Saxophon an Cembalo, hir zweet huet de Moler Pieter Brueghel a säin Tableau Déi hollännesch Spréchwierder (1559) mat Baritonsaxofon an Harmonium geéiert.

Am Beräich vu Musekstheaterproduktiounen a Lëtzebuerger Sprooch schafft hie mat Lëtzebuerger Auteure wéi Jemp Schuster, Henri Losch, Guy Rewenig a Roland Gelhausen zesummen. 2004 huet hien de Musekstheaterveräin Rhäifränsch an d'Liewe geruff, deen et sech als Zil gesat huet, nieft lëschtege Lëtzebuerger Owenter, nei lëtzebuergeschsproocheg Musekstheaterproduktiounen an Optrag ze ginn a selwer ëmzesetzen. Fir säi Schoulchouer schreift hie 'jugendlech' Lidder a Lëtzebuerger Sprooch, déi bis elo op den CDen Huddel a Fatz (2010), Wëlls de mat mer gon? (2011), DinA4-Kand (2012), iKnëff (2013), Mir hu Paus (2014), Wousst der schonn? (2016) an Ha Ha Ha (2017) erauskomm sinn.

Zanter 2008 féiert hien zu Gréiwemaacher de private Stuedtheater fir Lëtzebuerger Klengkonscht, deen hien am alen Atelier vu sengem Grousspapp, dem Jean-Pierre Urwald ageriicht huet. Aus de Stuedtheater-Produktioune gi reegelméisseg nei Opnamen, Programmer an Ensemblen ervir, sou z. B. am Joer 2011 de Gesanksquintett d'Cojellico's Jangen, an deem hie Lëtzebuerger 'Schlager' am Stil vun de 'Comedian Harmonists' arrangéiert a matséngt. Fir de Stuedtheater bréngt hien och reegelméisseg thematesch Lëtzebuerger Lidderhefter eraus.

Op pedagogeschem Plang produzéiert hie reegelméisseg fachiwwergräifend, sougenannt 'Wëssens- a Léierlidder' fir déi offiziell Schoulprogrammer, fir den Intressi an d'Memoriséiere beim Schüler ze verstäerken. 2013 huet hie mat der Ënnerstëtzung vum Kultur- an Erzéiungsministère d'didaktisch Heftserie iwwer d'Lëtzebuerger Kultur De Litty fir Grondschoulen a Lycéeën, initiéiert. 2020 ass säin éischt Lëtzebuerger Pianosheft vum Museksverlag Blueorangemusic publizéiert ginn. En ettlech vu senge Chouerarrangementer vu Lëtzebuerger Lidder si bei LMP (Luxembourg Music Publishers) verluecht.

An Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur Dan Tanson ass am Joer 2014 de Kannerprojet De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen entstanen. 2018 huet hie mam Clown Joe Del Toe den Duo FLOTT gegrënnt an 2019 mat méi grousser Besetzung den Ensembel georges urwald & FLOTT, fir deen hien nei Lëtzebuerger Lidder an Instrumentalkompositioune schreift (CD a Vinyl 1971, 2021). Mam Perkussionist Franck Hemmerlé improviséiert hien iwwer populär Lëtzebuerger Geleeënheetslidder uechter d'Joer, vu Liichtmëssdag bis Chrëschtdag (CD DIK, 2020). 2020 hunn de Serge Tonnar (Gesank) an de Georges Urwald (Piano) hiren éischten Album Aus der Heemecht erausbruecht: radikal Neiinterpretatioune vu Lëtzebuerger Klassiker aus dem 19. Joerhonnert.

Wierk änneren

Bünemuseken änneren

  • Maacher Fräiheet 2002 fir Solisten, Chouer, Orchester a Rhythmusgrupp (2002)
  • De Beschte Klupp am Land (Text: Jemp Schuster) Koméidisstéck fir Männerchouer an Orchesterchen (2004)
  • Chrëschtdag hautdesdaags (Text: Henri Losch) Chrëschtmusical fir Kannerchouer, 2 Jugendchéier a grousse Sträichorchester mat Perkussioun (2006)
  • Eläuter Fäi Jongen (Text/Regie: Jemp Schuster) Koméidisstéck fir Chouer an Orchesterchen (2007)
  • Schöpfungen (in 5 Teilen) (Text: Klaj, Goethe, Schiller, Meyer) fir Jazztrio, Gesang a 4 Instrumentalsolisten (2007)
  • Banda Limbo (Text: Guy Rewenig) Jazzlidder fir Kanner fir Kanner-, Jugend- an Erwuessenechouer mat Jazztrio (2008)
  • Curriculart fir Jazztrio, Poesie, Danz a Film (op eng Billerserie vum Marie-Pierre Trauden) (2008)
  • Ultima Ora (Text: Danielle Hoffelt/Jean-Claude Degrell - Kokompositioun: Jean-Marie Kieffer) Ballad Opera fir Solisten, Chouer, Orchester a Rhythmusgrupp (2009)
  • Schéck en op d'Schëff (Text/Regie: Jemp Schuster) Koméidisstéck fir Solisten, Chouer an Orchesterchen (2010)
  • Mir sinn Tell (Text/Regie: Jemp Schuster) Koméidisstéck fir Solisten, Chouer an Orchesterchen (2013)
  • Recto Verso (Text/Regie: Jemp Schuster) Lidder fir Alt, Bariton a Piano (2014)
  • Ofgeschminkt (Marc Olinger, Jemp Schuster) Suite De leschten Danz fir Bassklarinett a Piano (2014)
  • Oratorium 1815 (Text: Jean-Claude Degrell, Jeff Seyler) Musical fir Solisten, Chouer an Orchester (2014)
  • Schwuppdiwupp (Iddi: Martine Wallenborn) Bünemusek fir Sopran, Gei, Cello a Perkussioun (2016)
  • E Living an Amerika (Iddi: Yves Bourgnon, Text: Roland Gelhausen, Regie: Jacqueline Posing-Van Dyck) - Musikalesch Satir fir Solisten, Chouer an Orchesterchen (2017)
  • Parterrewohnung - Ein Auftragsmonodrama (Text: Michel Clees) (2018)
  • Autopsy (Text: Jemp Schuster) Solocabaret (2019)
  • Fluppdifipps (Iddi: Martine Wallenborn) Kanneroperchen fir Alt, Flütt, Cello an Akkordeon (2022)

Editiéiert Wierker änneren

  • Belle Epoque (pour Trompette sib et Piano) Blueorange Music (2017)
  • Motor 1 (pour Saxophone Alto et Piano) Blueorange Music (2017)
  • Ofgeschminkt (for Bass Clarinet and Piano) Blueorange Music (2018)
  • Epterquintette ('Spillereien iwwert d'Iechternacher Sprangpressessioun', pour Flûte, Clarinette en Sib, Saxophone ténor, violoncelle, Piano) Blueorange Music (2012/2020)
  • Lëtzebuerger Pianosheft (an 3 Deeler) Blueorange Music (2020-2023)
  • De Georgely - Lëtzebuerger Lidderbuch - Band 1: geselleg Lidder, BnL, Inecc, Stuedtheater (2023)
  • De Litty (1-8) - didaktesch Heftserie iwwert d'Lëtzebuerger Musekskultur, BnL (2014-2023)
  • Maacher am Léiderbouch, Stuedtheater (2022)
  • Ënnen'rëm (20 erotesch Lëtzebuerger Lidder), Stuedtheater (2021)
  • Stuesend am Fued (20 Lëtzebuerger Lidder iwwert d'Fuesend), Stuedtheater (2019)
  • Wupperätät (20 Lidder mat ausgeschriwwener Pianosbegleedung), Stuedtheater (2011)
  • Kanner o Kanner o quel bonheur - Lidderheft vun der MIL asbl. (2020)
  • Gloria (16 Dezemberlidder mat ausgeschriwwener Pianosbegleedung), d'Cojellico's Jangen asbl (2018)

Bekannt Lidder änneren

  • Den Trampels Jeff (Guy Rewenig/Georges Urwald)
  • Georg'ly, Georg'ly, dréi
  • Maacher lieft (Christiane Urwald/Georges Urwald)
  • O Joffer, Dir hutt eng kleng Rutsch an Ärer Strëmp (Yvon Streff/Georges Urwald)
  • Den Zockerféngerchen (Yvon Streff/Georges Urwald)
  • De Mullebutz op Séi
  • Chrëschtgedanken (Lou Ney/Georges Urwald)
  • Es lebe die Freiheit, es lebe der Wein
  • Dat neit Joer (Yvon Streff/Georges Urwald)
  • Wanterdag (Jeff Thill/Georges Urwald)
  • Mëssel mam Schlëssel (Pir Kremer/Georges Urwald)
  • Du Litty Do!

Filmmusek änneren

Um Spaweck änneren