George Phillips Bond

amerikaneschen Astronom

Den George Phillips Bond gebuer den 20. Mee 1825 zu Dorchester/Massachusetts a gestuerwen de 17. Februar 1865 zu Cambridge/Massachusetts, war en US-amerikaneschen Astronom an de Jong vum Astronom William Cranch Bond.

George Phillips Bond
Gebuer 20. Mee 1825
Gestuerwen 17. Februar 1865
Cambridge
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Bayeresch Wëssenschaftsakademie
Famill
Papp William Cranch Bond

Vun 1859 bis zu sengem Doud am Joer 1865 war hien den Nofollger vu sengem Papp, den Direkter vum Harvard College Observatoire. Säi Koseng, den Edward Singleton Holden, war den éischten Direkter vum Lick-Observatoire.

1848 war hien ee vun den Entdecker vum Saturnmound Hyperion. Dem Bond säi Papp William Cranch Bond an de Fotograf vum Massachusetts General Hospital, den John Adams Whipple, hunn 1850 déi éischt Foto vun engem Stär gemaach. An der Nuecht vum 16. op de 17. Juli 1850 hu si eng 100 Sekonnen-Daguerre-Foto vum Stär Vega opgeholl. Ausserdeem huet de Bond och e ganze Koup vu Koméiten entdeckt an huet och deenen hir Bunne berechent. Weider Fuerschungen huet hie vum Planéit Saturn a vum Orionniwwel gemaach.

Am Joer 1865 gouf hie mat enger Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.

Hien ass un de Follge vun enger Tuberkulos gestuerwen.

Literatur änneren

  • Zone catalogue of 4484 stars situated between 0 deg 20' and 0 deg 40' north declination observed during the years 1854-55. Annals of Harvard College Observatory 2 (1857) 2-2257
  • Photographical Experiments on the Positions of Stars. Monthly Notices of the Royal Astronomical Society 17 (1857) 230.
  • Observations of Comets and Planets made at the Observatory of Harward College Cambridge U. S. Astronomische Nachrichten 51 (1859) 273.
  • On the relative brightness of the sun and moon, 1861.
  • On the Spiral Structure of the Great Nebula of Orion. Monthly Notices of the Royal Astronomical Society 21 (1861) 203-207.
  • Observations upon the Great Nebula of Orion. Annals of the Harvard College Observatory 5 (1867) 1-22.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie