William Cranch Bond

US-amerikaneschen Astronom

De William Cranch Bond gebuer den 9. September 1789 zu Falmouth, District of Maine, Mass. (haut: Portland, Maine), USA a gestuerwen den 29. Januar 1859 zu Cambridge, Massachusetts, USA, war en amerikaneschen Astronom. Hien entdeckt den Hyperion, den aachte Mound vum Planéit Saturn.

William Cranch Bond
Gebuer 9. September 1789
Portland
Gestuerwen 29. Januar 1859
Cambridge
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Meteorolog, Fotograf
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Kanner George Phillips Bond

De Bond war haaptsächlech Autodidakt an Auermécher zu Boston. 1812 gouf hien e passionéierten Amateurastronom. 1815 reest hien an Europa fir Observatoiren ze studéieren, well hien en Observatoire op der Harvard plangt.

Am Joer 1839 gouf dësen Observatoire, den Harvard College Observatoire, gegrënnt an de Bond gouf den éischten Direkter. Am Joer 1847 krut den Observatoire e Refrakter mat enger 15 Zoll (zirka 42,5 cm) Ëffnung, dat fir déi nächst zwanzeg Joer dat gréisst Teleskop vun der Welt duerstellt.

Domat ënnersicht de Bond intensiv Sonneflecken, den Orionniwwel an de Saturn. Zesumme mat sengem Jong, dem Georg Phillips Bond, entdeckt hien am Joer 1848 - onofhängeg zur gläicher Zäit wéi den Englänner William Lassell – de Mound Hyperion.

De Bond war e Pionéier vun der Astrofotografie. Zesumme mat dem John Adams Whipple bastelt hien 1850 déi éischt Daguerreotyppe vun engem Stär, der Wega. De Bond an de Whipple erstellen doriwwer eraus eng detailléiert Fotografie vum Äerdmound.

Nom William Cranch Bond a sengem Jong dem Georg Phillips Bond ass de Moundkrater Bond genannt. Op dem Saturnmound Hyperion gouf e sougenannten Dorsum no him genannt. Weider dréit och den Asteroid (767) Bondia säin Numm.