Gedenkplaz Breechkaul
D'Gedenkplaz Breechkaul ass eng Gedenkplaz u 6 Jonge vu Bäerdref, déi am Zweete Weltkrich ëmkomm sinn. Op d'Gedenkplaz kënnt een iwwer de Circuit auto-pédestre vu Bäerdref hannert der Breechkaul. Um Wee steet en Hiwäisschëld Zur Mutter-Gottes.
Typ | Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bäerdref |
Plaz | Breechkaul |
Koordinaten | 49°48'58,0"N, 6°21'34,3"O |
De Fred Schuller, den Emile Gilbertz, den Auguste Collignon an de Jeng Petit hunn de Krich iwwerlieft. Si hunn als Merci an als Erënnerung un hir 6 zwangsrekrutéiert Bäerdrefer Komeroden, déi de Krich net iwwerlieft hunn, dës Gedenkplaz 1948 ageriicht. Zanter 1986 gëtt d'"Grott" vum SIT Bäerdref an de Famillje gefleegt.
Am Lëtzebuerger Sandsteen ass eng Nisch mat enger Muttergottes-Statu. Rondrëm d'Nisch steet dësen Text:
- 1948
- BLEIW EN AMENT
- HEI STOEN AN DENK
- A LÊWT AN A STÖLLEM
- GEBIED UN ONS
- KOMERODEN DE NET
- MÊ HÊM SI KOM
- LIGUE ONS JONGEN
- DE METTI MILLEN - ÖMKOM AM KZ
- DE NIKI DEMUTH - AM KRICH GEFALL
- DE METTI GILBERTZ - ÖMKOM AM KZ
- DE LEO BICHLER - GET NACH ERWART
- DE CARL COLLÉ - ÖMKOM AM KZ
- DE WILLY CONRAD - BEI TILSIT ERSCHOSS
- WA MIR O GOTT
- DENG WEER NET VERSTIN GEF
- ONS DENG HAND A FEIER ONS HEM
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- BERDORF – Mam Léon Conrad bei Grott vun de Bäerdrefer Zwangsrekrutéierten., gelies op mywort den 30. August 2020