De Gary Diderich, gebuer den 29. Oktober 1982 zu Esch-Uelzecht, ass e sozial engagéierte lëtzebuergesche Politiker vun déi Lénk. Hie war vun 2012 bis 2020 Conseiller an der Gemeng Déifferdeng. Viru sengem parteipoliteschen Engagement huet hie sech a verschiddene soziale Beweegungen an Organisatiounen engagéiert wéi fir Ëmwelt, de Fridden a fir Schüler.

Gary Diderich
Gebuer 29. Oktober 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Politescht Engagement änneren

De Gary Diderich huet sech scho fréi politesch intresséiert a sech vun 1996 bis 1998 am Alter vu 14 Joer bei déi Gréng zu Déifferdeng a bei der Jugendsektioun „déi Jonk Gréng“ engagéiert. No enger laanger Paus vum parteipoliteschen Engagement huet sech de Gary 2009 bei déi Lénk engagéiert an am Süde fir d'Chamberwale kandidéiert.[1]. 2011 huet hien och bei de Gemengewalen op enger neier Lëscht vun déi Lénk zu Déifferdeng kandidéiert an ass als zweetgewielte fir de Jeannot Logelin, dee säi Mandat aus gesondheetleche Grënn net konnt unhuelen, an de Gemengerot komm[2]. 2020 huet hien am Kader vum statutäre Rotatiounsprinzip säi Mandat un den Eric Weirich weiderginn. 2023 ass en nees an de Gemengerot zu Déifferdeng gewielt ginn. Zënter 2016 ass de Gary Diderich um nationale Plang Co-Spriecher vun déi Lénk.

Soziaalt Engagement änneren

1998 war hien op engem Seminär fir Jonker vum Mouvement Ecologique an zesumme mat den anere jonke Participante vun där Zukunftswerkstatt d'Jugendsektioun Jeunes et Environnement nei belieft. Déi gouf 1999 nom „Life Project – Nature an d'Culture“ an der Kulturfabrik a „LIFE, d'ecoCreActiv Plattform“ ëmbenannt an huet sech iwwer d'Ëmwelt eraus och mat der Globaliséierung, dem Fridden, de Mënschen- an Déiererechter beschäftegt. 1999 huet hie sech och am Schülercomité LGE engagéiert a war dunn an der nationaler Schülerkonferenz (CNEL) aktiv, der Schülerdelegatioun Lëtzebuerg (SDL) an dem Bond Schüler Esch (BSE), wou hien och aktiv zwéi Schülerstreike matorganiséiert huet. 2001 huet hie mat den Infoladen zu Esch an der Kulturfabrik gegrënnt a bannent dësem selwer organiséierte Fräiraum d'Zäitschrëft Queesch gegrënnt déi hie bis 2010 koordinéiert huet. 2001 huet de Gary Diderich no der 3e am LGE d'Schoul opgehale fir e Fräiwëllegendéngscht bei LIFE ze maachen a sech voll an d'Koordinatioun vun der Klimacampagne a Schoulen, an europawäit mat der Kommissärin Wallström z'investéieren. 2002/2003 war hie Mattgrënner vun der Jugend fir Fridden a Gerechtegkeet an huet sech do bis 2006 an der Friddensbeweegung engagéiert an ënner anerem déi grouss Friddensdemo géint den Irak-Krich mattorganiséiert. Fir d'Friddensbeweegung erëm opliewen ze loossen huet hien 2017 mam Raymond Becker a Claude Simon déi heiteg "Friddens- a Solidaritéitsplattform" initiéiert wou hien nach aktuell engagéiert ass.

Formatioun a Beruff änneren

De Lycéesofschloss a säi Bachelor an Études européennes am Fach Philosophie op der Universitéit Lëtzebuerg huet hien nieft Engagement a Beruff gemaach. Nieft der formaler Bildung huet de Gary Diderich Formatiounen an net-formale Programmer matgemaach[3]. Dat huet hien och mam Jean-Luc Frast a Marc Muller dozou bruecht fir 2002 d'Asbl 4motion ze grënnen, vun där hie bis 2017 Administrateur-délégué war. Matt dëser ASBL huet en dunn 2016/2017 d'Kooperativ "de Reso" gegrënnt déi zanterdeems d'Gemengen am Beräich vun der Biergerbedeelegung beréit. An deem Kontext ass heen zënter 2022 Integratiounsberoder fir d'Gemengen déi de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen hunn.

Um Spaweck änneren

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.elections.public.lu/fr/elections-legislatives/2009/resultats/circonscriptions/sud/index.html#liste6
  2. http://www.elections.public.lu/fr/elections-communales/2011/resultats/communes/differdange/index.html
  3. : Zukunftspiloten, Anti-Diskriminierungs Peer Trainer, Rausch- und Risikopädagoge, Multiplikator in der Suchtprävention