Gaia DR1 ass e Stärekatalog, deen haaptsächlech op den Observatioune vun der Raumsond Gaia berout, woubäi en Deel vun den Daten aus der Hipparcos-Missioun beuecht goufen. Gaia DR1 steet als Ofkierzung fir Gaia Data Release1, déi éischt grouss Publikatioun vun Daten am Kader vun ettleche Publikatioune bis zum definitiven Datekatalog vun der Gaia-Missioun.

D'Date vum DR 1 baséieren op de Gaia-Observatioune vum 25. Juli 2014 bis 16. September 2015. De 14. September 2016 goufen déi éischt gréisser, nach onvollstänneg Datesätz iwwer 1,1 Milliarden Objete publizéiert (Gaia DR1). 400 Milliounen dovun waren virdrun net katalogiséiert. Et feelen Informatiounen iwwer ganz hell Objete mat enger Magnitud vun G ≲ 7. Besonnesch bei ganz dicht bevëlkerte Regioune feelen Daten iwwer liichtschwach Objeten, wärend a wéineg bevëlkerte Regioune souguer liichtschwach Objete mat enger Magnitud vu méi grouss wéi 20 erfaasst goufen. Liichtschwach Objete an der direkter Géigend vun hellen Objeten feele munchmol. Objete mat enger grousser visueller Beweegung von μ > 3.5 as/Joer feelen, geneesou ganz rout oder ganz blo Objete.

Virun der Publikatioun hunn d'Objete gewësse Kriterie missen erfëllen, besonnesch mussen d'Daten eng bestëmmt statistesch Onsécherheet ënnerschreiden, fir publizéiert kënnen ze ginn, soudatt a bestëmmte Beräicher besonnesch laanscht d'Ekliptik däitlech fräi Plazen ze fanne sinn. Duebelstäre mat engem Ofstand vu manner wéi 4 as sinn nach net mat optimalem Rersultat opgeléist.[1] Positioun, Parallax (Distanz) a Wénkelvitess fir méi wéi 2 Millioune Stäre goufen ënner Gebrauch vun Tycho-Gaia Astrometric Solution (TGAS) ermëttelt. Dobäi goufe nëmmen d'Positiounsdaten aus dem Hipparcos- an aus dem Tycho-2-Katalog abezunn an zesumme mat de Positioune vum Gaia fir d'Berechnung vun de Wénkelvitesse benotzt. Gaia DR 1 huet Miessunge vun iwwer 2000 Quasaren aus dem International Celestial Reference Frame, deenen hir Positioune scho ganz genee vermooss sinn an déi als Bezuchsrumm dénge kënnen.

All Date vun DR 1 sinn iwwer den Internet ofruffbar am Gaia Archiv.

D'Resultat vum DR1
Aart vum Objet Zuel benotzbar Daten
All d'Objeten 1.142.679.769 Positiounen (α, δ), Gaia G-Band

Magnitude (G)

Objete vun TGAS
  • Dovun: Hipparcos 93 635
  • Dovun: Tycho-2 (ouni Hipparcos)
2.057.050

93.635
1.963.415

Positioun, Parallax,

Wénkelvitess, G-Band

Magnitude

Objete mat Intensitéitsbéi 3.194

2.595
599

Positioun, Intensitéitsbéi
ICRF Quasaren 2.152 Positioun, G-Band Magnitude

An der Nopeschgalaxie Dräiecksniwwel, déi 2,4 Millioune Liichtjoer ewech läit, konnt d'Sond Gaia ongeféier 40.000 vun den hellste Stäre vun de geschate 40 Milliarde Stäre grousser Galaxie verzeechnen.

Weider Publikatiounen änneren

Den zweete Gaia-Katalog (Gaia DR2) koum de 25. Abrëll 2018 eraus. Et sti knapps 1,7 Milliarden Objeten dran, davun 1,3 Milliarde mat Eegebeweegungen a Parallaxen.

Den drëtte Gaia-Katalog (Gaia DR3) soll Mëtt bis Enn vum Joer 2020 erauskommen. Hie soll weider verbessert Astronometrie a Photometrie enthalen, ausserdeem spektroskopesch a photometresch Objetklassifikatioune fir gutt auswäertbar Objete. Publizéiert ginn och Kataloge vun Objeten, déi keng Stäre sinn.

Déi endgülteg Publikatioun fir déi wärend der offizieller Missiounsdauer gewonnenen Date gëtt géint Enn vum Joer 2022 erwaart. Doran enthale sinn all astrometresch a photometresch Daten, all verännerlech Stären, all Duebel- a Méifachstäresystemer, Klassifikatiounen an divers astrometresch Daten fir Stären, net opgeléist Duebelstären, Galaxien a Quasare, eng Lëscht vun Exoplanéiten, all Epochen an Transitdaten fir all Objete.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Literatur änneren

  • European Space Agency and Gaia Data Processing and Analysis Consortium: Gaia Data Release 1 Documentation release 1.1, 17. Februar 2017

Referenzen änneren

  1. Gaia’s billion-star map hints at treasures to come. ESA Pressebericht, 13. September 2016.