Gaardenhaischenaffär

politesch a juristesch Affär zu Lëtzebuerg

D'Gaardenhaischenaffär ass eng politesch a juristesch Affär zu Lëtzebuerg, déi hiren Ufank am Summer 2019 hat a schlussendlech dem Déifferdenger Député-maire Robert Traversini an der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hir Mandater kascht huet.

Wat war geschitt? änneren

De Robert Traversini hat uganks 2019 en Haus zu Nidderkuer geierft an huet doropshin d'Gaardenhaischen dat do um Terrain stoung, ëmbaue gelooss. Well d'Haischen direkt nieft dem Bësch an domat um Bord vum Naturschutzgebitt Prënzebierg steet, hätt hie fir déi Aarbechten eng Geneemegung beim Ëmweltministère ufroe missen. Eréischt nodeems hie vum Fierschter do drop opmierksam gemaach gouf, huet den Traversini den 9. Juli 2019 nodréiglech eng Autorisatioun ugefrot, déi him dunn den 12. August ausgestallt gouf[1].

Parallel dozou goufen et nach Virwërf, datt Aarbechter vun der Beschäftegungsinitiativ CIGL – an där den Traversini President vum Verwaltungsrot war – e Gelänner beim Haische gefléckt hätten ouni datt déi Aarbechte verrechent gi wären an datt de Buergermeeschter sech de Grondrëss vum geierften Haus vum kommunale Bauservice zeechne gelooss hätt. Béid Virwërf huet de Robert Traversini den 20. September 2019 agestanen a seng politesch Mandater doropshin néiergeluecht[1]. Zanter deem Moment huet der Procureur an der Affär ermëttelt.

Et goufen och Virwërf un d'Adress vun der Ëmweltministesch Dieschbourg ervirbruecht, well si d'Aarbechten um Gaardenhaischen nodréiglech autoriséiert hätt, obwuel keng Geneemegung hätt dierfen ausgestallt ginn. Et gouf hir och virgeworf hire Parteikolleeg bevirdeelegt ze hunn. Si huet déi Reprochen all zeréckgewisen. D'politesch Oppositioun, virun allem d'CSV an d'adr, hunn de Récktrëtt vun der Carole Dieschbourg gefuerdert.

Am Kader vun der Enquête huet de Parquet den 21. Abrëll 2022 eng Demande un d'Chamber gestallt, fir d'Carole Dieschbourg am Zesummenhank mat der Affär Gaardenhaischen dierfen ze héieren, woufir hir Immunitéit hätt missen opgehuewe ginn. Well si net wollt, datt déi ganz Affär nach eng Kéier am Parlament opgerullt sollt ginn, huet si vun hirem Mandat ofgedankt[2] a sech ganz aus der Politik zeréckgezunn[3].

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Roberto Traversini tritt als Bürgermeister zurück. Luxemburger Wort (20.09.2019). Gekuckt de(n) 24.04.2022.
  2. Carole Dieschbourg tritt zurück, Turmes übernimmt. Luxemburger Wort (22.04.2022). Gekuckt de(n) 24.04.2022.
  3. Grénge Co-Parteipresident confirméiert: Carole Dieschbourg zitt sech komplett aus der Politik zeréck. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 24.04.2022.