Lokal Initiativ- a Verwaltungszentren

D'Lokal Initiativ- a Verwaltungszentren, ofgekierzt CIGL (vu Centres d'Initiative et de Gestion Locaux), sinn Associatiounen op Gemengeplang, déi als But hu fir nei Aarbechtsplazen ze schafen. Donieft wëlle se sech och asetze fir d'Verbesserung vun de Bierger hirer Liewensqualitéit a fir d'Fërderung vum sozialen Zesummenhalt.

Déi éischt lokal Initiativ- a Verwaltungszentre goufen 1997 gegrënnt. Hautdesdaags (2013) gëtt et der am Ganze 17, déi all an de méi südleche Gemenge vu Lëtzebuerg lokaliséiert sinn, an zum Netzwierk vun Objectif Plein Emploi gehéieren (wou se mat de CIGR a CIGS kooperéieren).

Eeler oder ofhängeg Bierger vun der Gemeng kënnen do och eng Hëllef froe fir kleng Gaarden- an Handwierksaarbechte zu engem acceptable Präis gemaach ze kréien. Dës Proximitéitsservicer lafen ënner ënnerschiddlechen Nimm, wéi z. B. "Seechomes", "Kleng Aarbecht", "Handkesselchen", "Jonk hëlleft stänneg", "Geschierkëscht", etc.

Dacks ginn och Internetstuffe bedriwwen, Recyclingscollecten organiséiert, an Ëmwelt- oder Restauratiounsprojeten zesumme mat den technesche Servicer vun der Gemeng realiséiert. Absënns kreativ Zentre bidden och nach aner Servicer, wéi z. B. e Gaart zur Fërderung vun Ëmwelterzéiung ("Kalendula"), Locatioun vu Läffelsgeschier fir Evenementer, Bichertausch, Miwweloccasiounsmaart, Kuerzfilmatelier ("Konschtkëscht"), asw.

Um Spaweck änneren