Fridtjof Nansen

norwegesche Polarfuerscher

De Fridtjof Nansen, gebuer den 10. Oktober 1861 um Haff Store Frøen bei Christiania, dem haitegen Oslo, a gestuerwen den 13. Mee 1930 zu Lysaker, enger Gemengesektioun vu Bærum, dem westleche Faubourg vun Oslo, war en norwegesche Fuerscher a Friddensnobelpräisdréier.

Fridtjof Nansen
Gebuertsnumm Fridtjof Wedel-Jarlsberg Nansen
Gebuer 10. Oktober 1861
Gestuerwen 13. Mee 1930
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Norwegen
Educatioun Universitéit Oslo
Aktivitéit Zoolog, Diplomat, Professer, Politiker, Fotograf, Schrëftsteller
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
Famill
Bestuet mat Eva Nansen
Kanner Odd Nansen, Irmelin Revold

De Fridtjof Nansen huet Zoologie studéiert an hie war vun 1882 bis 1887 Conservateur an engem Musée zu Bergen, wou hie sech haaptsächlech mat Projete vun der Erfuerschung vun der Nordpolarregioun ofginn huet.

An de Méint August a September vum Joer 1888 huet hien als éischten eng Expeditioun op Schi vun Osten no Westen queesch iwwer dat 3 000 Meter déckt Äis vu Grönland gefouert.

Hie war vun 1906 bis 1908 norwegesche Botschafter zu London.

Nom éischte Weltkrich huet hien dobäi gehollef datt déi däitsch Zaldoten déi a Krichsgefaangeschaft gerode waren nees an hir Heemecht zeréckgoe konnten. Hien huet sech och als Héichkommissar vum Vëlkerbond fir d'Awunner vu Russland agesat déi Honger gelidden hunn.

1922 krut hien de Friddensnobelpräis.

1964 gouf en Aschlagkrater Nansen um Äerdmound no him genannt.


Commons: Fridtjof Nansen – Biller, Videoen oder Audiodateien