Fred Serres

lëtzebuergesche Sportler

De Fred Serres, gebuer den 18. Mee 1952 ass e fréiere lëtzebuergesche Boxer. Hie war vun 1974 bis 1977 lëtzebuergesche Landesmeeschter am Hallefschwéier- respektiv Schwéiergewiicht.

Fred Serres
Gebuer 18. Mee 1952
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer

Vun 1977 bis 1983 war hie professionelle Boxer an huet e puermol fir den Europameeschtertitel geboxt. Déi zwéi wichtegst Matcher dobäi ware géint den Hollänner Rudi Koopmans fir den Europameeschtertitel am Hallefschwéiergewiicht, déi hien allen zwéi verluer hat. Hien hat a senger Karriär 22 international Matcher geboxt, dovu 17 gewonnen, a 5 verluer.

De Fred war de Bouf vum Jeng Serres, deen och geboxt huet.

International Matcher änneren

Datum Géigner Plaz Resultat
10. November 1983 ESP  Emilio Garcia Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
25. November 1982 FRA  Richard Caramanolis Marseille Verluer no Punkten
12. Februar 1982 GBR  Bonny McKenzie Déifferdeng Gewonnen no Punkten
5. Oktober 1981 NED  Rudi Koopmans Rotterdam Verluer KO.
11. Mee 1981 USA  John Robinson Esch-Uelzecht Gewonnen TKO
11. Abrëll 1981 USA  Fred Brown Déifferdeng Gewonnen no Punkten
27. Februar 1981 ARG  Avenamar Peralta Déifferdeng Gewonnen no Punkten
5. Dezember 1980 ITA  Lino Lemma Déifferdeng Gewonnen no Punkten
11. Juli 1980 NED  Rudi Koopmans Déifferdeng Verluer no Punkten
28. Mäerz 1980 EGY  Mandu Refait Déifferdeng Gewonnen TKO
28. Februar 1980 NED  Mandu Refait Déifferdeng Verluer no Punkten
14. Januar 1980 COD  Mustapha Kabangu Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
29. Oktober 1979 SLO  Joze Centa Déifferdeng Gewonnen TKO
12. Oktober 1979 CMR  Louis Pergaud Roum Verluer TKO
2. Juli 1979 BEL  Salmin Boutera Esch-Uelzecht Gewonne KO
26. Februar 1979 CIV  Etienne Bayadikilla Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
22. Januar 1979 GER  Karl Heinz Schulz Esch-Uelzecht Gewonnen TKO
25. Dezember 1978 GER  Horst Lang Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
15. Dezember 1978 GER  Hans Michel Asbach Rh.-P. Gewonne KO
8. Mee 1978 BEL  Eric Seys Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
10. Abrëll 1978 DZA  Mohammed Torch Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
10. Mäerz 1978 SLO  Darko Barakovic Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten

Kuckt och änneren