Freckeisen ass e Lieu-dit an der Gemeng Waldbëlleg. Et läit op engem Plateau mat Felder a Wisen, op enger Héicht vun 370 Meter, laanscht den CR356, op hallwem Wee tëscht Suewelbuer a Chrëschtnech.

Freckeisen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Freckeisen
de: Freckeisen
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Waldbëlleg
Buergermeeschter Andrée Henx-Greischer
Awunner 30
  1. Januar 2023
Koordinaten 49° 48’ 04’’ N
      06° 15’ 32’’ O

Nërdlech vun der Uertschaft, tëscht dem CR356 an dem Kelleschhaff, leien e puer suppeg Wisen, déi zum Quellgebitt vun der Halerbaach gehéieren.

Mat Ausnam vum Bauerenhaff op der Kaasselhéicht leien d'Gebaier all an der Sektioun Chrëschtnech.

Kuckt och änneren

 
Freckeisen vun Norde gesinn

Um Spaweck änneren

Commons: Freckeisen – Biller, Videoen oder Audiodateien