Franz Friedrich Ernst Brünnow

De Franz Friedrich Ernst Brünnow, gebuer den 18. November 1821 zu Berlin a gestuerwen den 20. August 1891 zu Heidelberg war en däitschen Astronom.

Franz Friedrich Ernst Brünnow
Gebuer 18. November 1821
Berlin
Gestuerwen 20. August 1891
Heidelberg
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

Seng Eltere waren de Geheime Kanzleirot Johann Brünnow a seng éischt Fra Wilhelmine Weppler.

De Brünnow huet Mathematik, Physik an Astronomie op der Universitéit Berlin studéiert. 1843 huet hie mat der Aarbecht De attractione moleculari promovéiert. Uschléissend huet hie beim Johann Encke am Observatoire Berlin geschafft a gouf kuerz Zäit drop am Joer 1847 Direkter vum Observatoire Bilk. 1851 koum hien als éischten Observateur an den Observatoire Berlin zeréck.

1854 goung de Brünnow op Ann Arbor am Michigan, wou hien Direkter vum nei gebauten Observatoire gouf. Zu Ann Arbor a spéider zu Albany, wo hie vun 1859 bis 1860 stellvertriedenden Direkter vum Dudley-Observatoire war, huet hien eng astronomesch Zäitschrëft, d'Astronomical Notices erausginn.

1863 koum de Brünnow zeréck an Europa an huet 1866 als kinneklechen Astronom fir Irland a Professer fir Astronomie am Trinity College zu Dublin d'Leedung vum lokalen Observatoire iwwerholl.

1874 huet hie sech an d'Privatliewen zeréckgezunn. De Franz Friedrich Ernst Brünnow ass den 20. August 1891 zu Heidelberg gestuerwen. Säi Grafsteen steet op dem Heidelberger Biergkierfecht.

Hien hat 1857 d'Rebecca Lloyd, eng gebueren Tappan, Duechter vum President vun der Universitéit Ann Arbor, Henry Philip Tappan, bestuet. Hiren eenzege Jong war den Orientalist Rudolf Ernst Brünnow.

Wierker änneren

  • Mémoire sur la comète elliptique de De Vico. (Amsterdam 1849)
  • Lehrbuch der sphärischen Astronomie. (Berlin 1851), bei Google Bücher
  • Léierbuch Kartenentwurfslehre, zirka 1870

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren