Haaptmenü opmaachen

Michigan

US-Bundesstaat
Flag USA template.svg Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Michigan
Flag of Michigan.svg Seal of Michigan.svg
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Great Lakes State
Michigan in United States.svg
Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Lansing
Gréisst Stad: Detroit
Gouverneur: Rick Snyder
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 11. Plaz
250.494 km²
41,27 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 8. Plaz
9.883.640 (2010)
39,4/km²
Opgeholl als Memberstaat: 26. Januar 1837 (26ten)
Zäitzon: UTC-5 bis -4

De Michigan ass e Bundesstaat am Norde vun den USA. De Michigan ass zanter dem 26. Januar 1837 de 26. Bundesstaat vun den USA. Den Numm kënnt vu mishi-gami, e Wuert aus der Sprooch vum Indianerstamm vun de Anishinabe dat Grousse Séi bedeit.

GeographieÄnneren

De Michigan grenzt am Norden an am Osten un d'kanadesch Provënz Ontario, am Süden un den Ohio an den Indiana, am Westen un de Minnesota (zu dem awer keng Landgrenz besteet, de Lake Superior mécht d'Grenz)an de Wisconsin an am Südweste grenzt en un den Illinois (zu dem och keng Landgrenz besteet, do ass de Michiganséi d'Grenz). De Michigan huet 83 Counties.

De Michigan ass dee Staat aus den USA mat dem gréisste Waasserundeel. Déi fënnef Grouss Séien, vun deenen der véier am Michigan leien, sinn déi gréisst Grupp vu Séisswaasserséien op der Äerd. De Michigan ass och den eenzege Staat an den USA deen an zwee gedeelt ass, duerch de Michiganséi.

Gréisst StiedÄnneren

De Michigan ass deen eenzege Staat an den USA an deem d'Bevëlkerung zanter Jore réckleefeg ass.

EkonomieÄnneren

D'Industrie an den Tourismus sinn déi zwou Branchen déi am meeschten Ëmsaz maachen. Detroit ass de wichtegsten Zentrum wat d'Autoindustrie ugeet: Ford, Chrysler a General Motors hunn do hire Sëtz. Déi grouss Séien zéien all Joer Milliounen Touristen un.

BillerÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Michigan – Biller, Videoen oder Audiodateien