Astronomische Nachrichten

Astronomische Nachrichten (Astronomical Notes) ass den Titel vun der eelsten nach existéierender astronomescher Fachzäitschrëft vun der Welt. Haut kommen 12 Hefter pro Joer an Englesch mat engem Schwéierpunkt iwwer observéierend an theoreetescher Astrophysik eraus.

“Astronomische Nachrichten“ aus dem Joer 1823

Grënner vun dësem Medium war 1821 den Heinrich Christian Schumacher. D'Zäitschrëft gouf op Däitsch publizéiert. Zum aktuellen Theemeberäich gehéiert d'Sonnephysik, extragalaktesch Froen, d'Kosmologie souwéi Theemen iwwer d'Geophysik. Numeresch Methode mat Bezuch op d'Astronomie, déi heefeg an Zesummenhang mat Supercomputere stinn, sinn och dran ze fannen.

Zu de Bibliothéiken déi all Bestänn besëtzen, gehéieren d'Astrophysikalescht Institut Potsdam, d'Astronomescht Recheninstitut Heidelberg an d'Universitéitsbibliotéik München.

Um Spaweck

änneren
Commons: Astronomische Nachrichten – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie