De Frank Deville, gebuer den 12. August 1970, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Frank Deville
Gebuer 12. August 1970
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp FC Swift Hesper,
Union Lëtzebuerg,
Avenir Beggen,
FC Monnerech,
F91 Diddeleng,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
Avenir Beggen
Famill
Geschwëster Laurent Deville
Kanner Maurice Deville

Tëscht dem 14. Februar 1995 an dem 16. Februar 2002 huet de Frank Deville 35-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Vun 1987 bis 1992 huet hie fir de Swift Hesper gespillt an du vun 1992 bis 1995 fir d'Union Lëtzebuerg. an der Saison 1995/96 war hie bei Union Berlin, 1996/97 beim 1. FC Saarbrücken an an der Saison 1997/98 beim SV Mettlach. Duerno koum hien zeréck op Lëtzebuerg a war an der Saison 1998/99 beim Avenir Beggen, duerno vun 1999 bis 2002 beim FC Monnerech an huet seng Carrière no der Saison 2002/03 beim F91 Diddeleng opgehalen.[3]

Säi Bouf Maurice spillt och Foussball, beim däitsche 4. Ligist SV Elversberg 07 an an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Säi Brudder Laurent Deville war och Foussballspiller.

Referenzen änneren

  1. De Frank Deville op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Frank Deville op der Websäit vun European Football
  3. De Frank Deville op der Websäit vun National Football Teams