Selenographia sive Lunae Descriptio
Selenographia sive Lunae Descriptio (Latäin, Selenographie oder d'Beschreiwung vum Mound) ass e berüümt Wierk vum Johannes Hevelius, dat am Joer 1647 am Offizin (Atelier) Hünfeld, Danzeg, publizéiert gouf.
Inhalt
ännerenD'Selenographia huet eng ganz genee Kartographie vun eisem Äerdmound, déi op d'Observatioune vum Hevelius baséieren. Op 133 Kofferstéch si verschidden Usiichte vum Mound an Zeechnunge vun de gebräichlechen astronomeschen Instrumenter ofgemoolt.
An dem Schrëftwierk vergläicht den Auteur seng eege Fuerschungsaarbechten mat deene vum Galileo Galilei a weist gewëssen Ënnerscheeder op. Den Hevelius weist och dorophin, datt d'Qualitéit vun de Moundzeechnungen am Galileo sengem Sidereus Nuncius vun 1610 ongenügend ass.
Bedeitung vum Wierk
ännerenD'Selenographia ass dem Kinnek Władysław IV. Wasa gewidmet an zesumme mat dem Wierk Almagestum novum astronomiam vum Giovanni Riccioli an dem Francesco Maria Grimaldi goufe si fir méi wéi ee Joerhonnert d'Standardwierk iwwer d'Léier an d'Kartographie vum Mound.
D'Buch gouf wéinst den Drockbiller an dem gebrauchte Kofferstéch an de follgende Joerzéngten exemplaresch fir d'Presentatioun vun naturwëssenschaftleche Wierker. Den Isaac Newton hat sech bei sengem Wierk Philosophiae Naturalis Principia Mathematica beispillsweis un der Selenographia vum Hevelius orientéiert.
Exemplare
ännerenHaut gëtt et nach ëmmer ettlech Exemplare vum Buch. Déi leie beispillsweis op follgende Plazen:
- An der Bibliothèque nationale de France
- An der Bibliothek vun der Polska Akademia Nauk
- An der Thomas Fisher Rare Book Library vun der University of Toronto
- An der Gunnerus-Bibliothek vun der Universitéit zu Trondheim
- An der Éisträichescher Nationalbibliothek zu Wien