De François Goldschmit, gebuer den 10. Juli 1911 zu Biereng bei Miersch[1] oder zu Nidderkuer[2] an ëmbruecht den 19. Mee 1944 am Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof, war e lëtzebuergesche Resistenzler. Hie war bei de PI-Men zu Déifferdeng aktiv.

François Goldschmit
Gebuer 10. Juli 1911
Gestuerwen 19. Mee 1944
KZ Natzweiler-Struthof
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler

Liewen an der Resistenz änneren

De Goldschmit war vun 1941 u bei der Resistenzorganisatioun PI-Men aktiv an hire wichtegste Passeur ginn.[2] Hie war fir d'Evakuatioun vun de Flüchtlinge verantwortlech andeems hie s'iwwer d'franséisch Grenz bruecht huet. Vun do aus huet hie s'op de Wee an d'Duerf Les Ancizes am Departement Puy-de-Dôme am fräien Deel vu Frankräich geschéckt. Dobäi gouf hie vum Edouard Morbé a vum Charles Wiesen ënnerstëtzt, déi d'Logistik organiséiert hunn.[2]

De Goldschmit huet Ufank 1944 véier Deserteuren iwwer d'franséisch Grenz bruecht an ass um Heemwee beim Vesquenhaff vun enger däitscher Patrull entdeckt ginn.[3] Hie konnt zwar entkomme, gouf awer ugeschoss a blesséiert. Trotz sengem Bluttverloscht huet hien d'Haus vun der Famill Schoder um Rollesbierg erreecht a gouf vun engem Dokter medezinesch versuergt. Kuerz drop ass hien awer vum Lëtzebuerger Refraktär Henri Rolgen un d'Gestapo verrode ginn,[4] déi hien den 8. Abrëll verhaft huet. Si huet hien an de Prisong am Gronn bruecht an an der Villa Pauly verhéiert.[1] Den 18. Mee ass hien an d'KZ Natzweiler-Struthof bei Stroossbuerg bruecht ginn. Do waren och déi aner Lëtzebuerger Albert Ungeheuer, Ernst Lorang, Marcel Jung, Edouard Morbé, Charles Wiesen a Georges Tholl, well d'Opfanglager Les Ancizes och verrode gi war. Den Dag drop si se mat dräi Fransousen an engem Staatelosen erschoss ginn. D'Läiche si verbrannt ginn, mä vun aneren Häftlingen anonym an enger Holzkëscht ënnert dem Holzbuedem verstoppt ginn.[2]

De François Goldschmit hat als Géisser bei der HADIR geschafft. Seng Fra Mathilde Goldschmit-Maar war och an der Resistenz aktiv a war a verschiddenen däitsche Prisongen inhaftéiert ginn, éier d'Amerikaner si schliisslech an der haiteger Tschechescher Republik befreit hunn. Zesummen haten de François an d'Mathilde Goldschmit dräi Kanner.[1]

Éierung nom Krich änneren

Nom Krich goufen dem Goldschmit seng Äschen an déi vun den anere sechs Lëtzebuerger zeréck op Lëtzebuerg iwwerfouert, wou si de 6. August 1945 feierlech zu Déifferdeng bäigesat goufen.[1]

No sengem Doud ass de François Goldschmit mam Kräiz vum Ordre de la Résistance ausgezeechent ginn. Hie krut och d'Croix de Guerre avec Palmes vun der franséischer Arméi, well hie sëllege franséischen Arméigefaangenen op der Flucht a Frankräich gehollef huet. Den Dwight D. Eisenhower, ieweschte Kommandant vun den Alliéierten a spéideren US-President, huet der Famill den Dank vun den USA matgedeelt, well de Goldschmit amerikanesche Pilote bei der Flucht gehollef hat.[1] 1969 krut hien och posthum d'Médaille de la reconnaissance nationale.[4]

Den 10. Juli 2011, wéi de Goldschmit honnert Joer al gi wier, hu seng Jongen Norbert a Fernand e Monument als Erënnerung un hir Elteren zu Déifferdeng beim Vesquenhaff op der Strooss fir op Héiseng installéiert. D'Ariichtung vum Monument war eng Privatinitiativ an d'Déifferdenger Gemeng huet sech verflicht, sech ëm den Entretien vun der Gedenkplaz ze këmmeren.[4]

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Déifferdenger Magazin
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 struthof.fr
  3. Jee no Quell war dat am Mäerz (Déifferdang Magazin) oder am Abrëll (ons-jongen-a-meedercher.lu) 1944.
  4. 4,0 4,1 4,2 ons-jongen-a-meedercher.lu