De François Bertemes, gebuer de 24. Januar 1958, ass e lëtzebuergeschen Archeolog (Spezialist vun der Virgeschicht) an Universitéitsprofesser zu Halle.[1]

François Bertemes
Gebuer 24. Januar 1958
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Archeolog, Universitéitsprofesser, Historiker
Famill
Papp Roger Bertemes

Formatioun a Karriär änneren

Mat néng Joer huet de François Bertemes, Jong vum Kënschtler Roger Bertemes, ugefaangen, Fossilien ze sammelen. An de Joren duerno huet hien e puer Stagen am deemolege Staatsmusée, ë. a. ënner der Leedung vum Jeannot Metzler, gemaach.

Nom Secondaire huet hien d'éischt Geschicht, klassesch Philologie a physesch Geographie um deemolege Centre universitaire an der Stad studéiert; duerno goung en op Saarbrécken, fir Vir- a Fréigeschicht, vorderasiatesch Archeologie a Geologie op der Universitéit vum Saarland ze studéieren. No sechs Joer ass hien do zum Dr. Phil. promovéiert ginn. Hien huet du wärend e puer Joer als wëssenschaftlechen Assistent geschafft, donieft och op der Universitéit vu Metz, respektiv zu Paräis op der Sorbonne (Paris 1) als Chargé de cours. 1997 huet hie sech schliisslech zu Saarbrécken habilitéiert a konnt domat Universitéitsprofesser ginn. Zanter 1998 dozéiert de François Bertemes prehistoresch Archeologie op der Martin-Luther-Universität Halle-Wittenberg am däitsche Bundesland Sachsen-Anhalt.

De François Bertemes ass ë. a. Member vum Denkmalrat des Landes Sachsen-Anhalt a vum lëtzebuergesche Fonds national de la Recherche scientifique.

Als Archeolog huet de François Bertemes sech mat der ~4000 Joer aler Himmelsscheif vun Nebra beschäftegt (haut am Landesmuseum für Vorgeschichte zu Halle ze gesinn). Hien huet tëscht 2002 an 2004, eng international Archeologenekipp dirigéiert, déi d'Kreisgrabenanlage vu Goseck (Sachsen-Anhalt), déi 1991 entdeckt gi war, ausgegruewen a rekonstruéiert huet. Hien huet awer och a Südeuropa, souwéi am ägeesche Raum gegruewen a gefuerscht, sou z. B. op der tierkescher Insel Tavşan Adasi.

Literatur änneren

  • Tiffany Saska, Archäologie als Berufung ; in: Télécran 11/2013; Ss. 24-26 (ill.).


Referenzen änneren

  1. Portrait vum François Bertemes um Site vun der Universitéit Halle