Foussgängerbréck iwwer d'Neiduerf

geplangt Bréck fir Foussgänger a Cyclisten iwwer d'Neiduerf zu Lëtzebuerg

D'Foussgängerbréck iwwer d'Neiduerf ass eng geplangt Bréck fir Foussgänger a Cyclisten, déi de Stater Quartier Weimeschhaff iwwer d'Neiduerf ewech mam Zens verbanne soll.

Foussgängerbréck iwwer d'Neiduerf
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Weimeschhaff - Zens
Koordinaten 49° 37’ 09.0’’ N
      6° 09’ 24.6’’ E
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck, Vëlosbréck
Féiert iwwer Neiduerf
Technesch Detailer
Bréckentyp Hänkbréck
Totallängt ca. 220 m.
Felder/Béi --
Breet ca. 4 m
Héicht ca. 50 m.
Bemierkungen
Opgaangen geplangt fir 2022
Architekt(en)
Konzeptioun
Nico Steinmetz

D'Bréck soll um Weimeschhaff ëstlech vum Haus 28 vun der Rue des Bleuets a Richtung Südoste fort goen, iwwer d'Neiduerf féieren an um Zens, nërdlech vun den Haiser 45 a 57 vum Boulevard Charles Simonis ukommen. Vun do aus soll en Uschloss un d'Kiischtendallspist bei der Gare Zens-Hamm gemaacht ginn.

D'Bréck soll eng Längt vun ongeféier 220 Meter kréien, mat enger Stäip no den éischten ca. 90 Meter. Westlech nieft dëser Stäip soll e Lift installéiert ginn, deen d'Bréck mam Quartier drënner, dem Neiduerf, verbanne soll.

Dëse Projet gouf de 27. Juni 2019 vun der Stater Gemeng presentéiert a kéint, nodeems déi néideg geotechnesch, ëmweltrelevant a sécherheetstechnesch Etüden ofgeschloss sinn, fréistens 2022 fäerdeg ëmgesat sinn.

Geschicht änneren

D'Iddi fir eng Foussgänger- a Vëlosbréck tëscht de genannte Quartieren ze baue gouf am Kader vum Opstelle vun de Quartierskaderpläng ((de)Stadtteilrahmenpläne) an an Aarbechtsgruppe mat den Awunner aus de Quartieren Zens, Hamm, Neiduerf, Weimeschhaff a Kierchbierg am November 2004 gebuer[1].

An enger Etüd déi d'Stad Lëtzebuerg an Optrag ginn hat, huet den Etüdebüro Planungsgemeinschaft Verkehr (PGV) vun Hannover d'Nëtzlechkeet vun esou enger Bréck am Kader vum Vëlosverkéierskonzept confirméiert, absënns fir déi douce Mobilitéit vun den Awunner tëscht de verschiddene Quartieren am Oste vun der Stad ze verbesseren[1].

Eng éischt „Variant F“ vun der Bréck, déi 375 m. laang sollt ginn, sollt vun der Rue des Églantiers um Weimeschhaff iwwer d'Primärschoul, d'Kierch an de Centre culturel am Neiduerf féieren, fir um Zens, an engem Bëschwee an der Géigend vum Carmel erauszekommen. Dëse Projet, deen och d'Zoustëmmung vun den Interesseveräiner aus den dräi betraffene Quartieren hat, gouf 2008 fir e Budget vu 17,65 Milliounen Euro vum Gemengerot gestëmmt (allerdéngs mat der Enthalung vun der CSV a vum ADR a mat enger Géigestëmm vum onofhängege Jean-Paul Rippinger)[1]. Wéinst der Finanzkris gouf de Projet dunn awer op Äis geluecht.

2015 huet den deemolege blo-gréng Schäfferot en neie Projet virgestallt an en duerno nach eng Kéier, mat de Wënsch vun de betraffenen Awunner, iwwerschafft. E gouf dunn 2017 an enger iwwerschaffter Versioun nach eng Kéier virgestallt[2].

Déi betraffen Interesseveräiner ginn net waarm mat der neier Propose a geséiche léiwer, wann d'„Variant F“ géif realiséiert ginn.

Technesch Donnéeën änneren

Déi Variant déi am Juni 2019 zeréckbehale gouf besteet aus enger ronn 220 Meter laanger Stolseel-Hänkbréck mat enger Breet vun ca. 4 Meter an enger Héicht iwwer dem Dall vu 50,29 m. An d'Stäip vun der Bréck, soll e Lift integréiert ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Foussgängerbréck iwwer d'Neiduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Compte-rendu analytique vun der Sëtzung vum Stater Gemengerot vum 25. Juli 2008, S. 222-225
  2. Fußgänger- und Fahrradbrücke Cents-Neudorf-Weimershof: Diese Brücke muss die Stadt jetzt bauen Pressecommuniqué vun Déi Gréng vum 27. Juni 2019 op rtl.lu