D'Flossséischmuewel (Sterna hirundo), ass eng Vullenaart aus der Ënnerfamill vun de Séischmuewelen (Sterninae). Et ass en Zuchvull, deen am Summer a Mëtteleuropa bréit an do verbreet ass, wann och net ganz heefeg. Wärend der Zuchzäit sinn och vill Exemplaren aus Nord- an Osteuropa op der Duerchrees z'observéieren. Si iwwerwantere laanscht d'Küste vun Afrika.

Flossséischmuewel

Aner Sproochen: de.: Flussseeschwalbe;
fr.: Sterne pierregarin
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Charadriiformes
Famill: Laridae
Ënnerfamill: Sterninae
Gattung: Sternus (Séischmuewelen)
Wëssenschaftlechen Numm
Sterna hirundo
Linnaeus (1758)

Et gëtt véier Ënneraarten.

Beschreiwung änneren

D'Flossséischmuewel gläicht der Küsteséischmuewell. Si gëtt tëscht 27 an 31 Zentimeter grouss. D'Flilleke gi 24 bis 29 Zentimeter laang, hir Spanwäit ass tëscht 72 an 82 Zentimeter. D'Männercher sinn eppes Klenges méi grouss wéi d'Weibercher.

Si huet e gegafelte Schwanz, wouhier se den Numm "Schmuewel" huet, och wa se soss näischt mat Schmuewelen (Hirundinidae) ze dinn huet. Hir Been an hire Schniewel si rout, de Schniewel huet eng schwaarz Spëtzt. D'Fiedere si wäiss bis hellgro, just um Kapp, op enger Linn bis just ënner d'Aen a bis an d'Akaul, si se pechschwaarz.

Liewensraum a Verbreedung änneren

D'Flossséischmuewel ass tëscht dem Nordweste vun Europa bis bei d'Beringmier an Ostsibirien ze fannen. An Nordamerika kënnt se vu Kanada bis an d'Karibik vir. Isoléiert Brutpopulatioune ginn et ausserdeem am Nordwesten an am Norde vun Afrika, am Süde vun Afrikas, an Australien an am Süde vu Südamerika.

Si mécht wäit Reese fir an hir Winterquartéieren, déi an den Tropen uan den temperéiert Géigende vun der Südhallefkugel leien. Déi, déi an der Palearktis bréien, iwwerwanteren laanscht d'Westküst vun Afrika (méi sielen op der Ostsäit).

D'Flossséischmuewel zu Lëtzebuerg änneren

D'Floossséischmuewel ass vu Mëtt Abrëll bis Enn Juli am Haff Réimech ze fannen. D'Naturschutzorganisatioun natur&ëmwelt kënnt hir entgéint, andeems se kleng Plattformen an de Baggerweieren uleet, op deenen d'Vigel bréie kënnen.

D'Floossséischmuewel gouf vun natur&ëmwelt zum Vull vum Joer 2024 ausgeruff.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. "Vogel des Jahres 2024: D'Flossséischmuewel, en eleganten Weltebummler." naturemwelt.lu, 19.02.2024.