D'Beringmier ass e Randmier um nërdleche Wupp vum Pazifeschen Ozean tëschent Nordamerika an dem Nordoste vun Asien, méi genee, tëschent der Westküst vun Alaska (USA) an der Ostküst vu Sibirien (Russland).

D'Beringmier

Am Norden ass d'Beringmier iwwer d'Beringstrooss mam Arkteschen Ozean verbonnen. Am Süde gëtt et vum Pazifik duerch d'Inselkette vun den Alëuten (USA) a vun de Kommandeurinselen (Russland) ofgegrenzt. Am Weste grenzt d'Beringmier och un den Norddeel vun der Hallefinsel Kamtschatka.

Et huet eng Fläch vun enger 2,3 Millioune km² an ass an der Moyenne 1.600 Meter déif, woubäi den nërdlechen Deel manner wéi 150 Meter déif ass. Do leien d'Insel Nunivak, d'Pribilof-Inselen, d'St.-Lawrence-Insel, d'St.-Matthew-Insel (all USA) an d'Karagininsel (Russland). An der Mëtt vun der Beringstrooss leien déi zwou Diomedes-Inselen, tëschent deenen d'Grenz tëscht den USA a Russland an d'Datumsgrenz verlafen.

Viru ronn 10.000 Joer louch de Mieresspigel vum Beringmier iwwer 100 Meter méi déif, sou dass eng Landbréck tëscht Asien an Nordamerika bestoung, iwwer déi déi éischt Mënschen op den amerikanesche Kontinent koumen an dee besidelt hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Beringmier – Biller, Videoen oder Audiodateien