Flamierge (wa.: Flamidje) ass eng Uertschaft an der Gemeng Bertogne an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Flamierge
Flamierge vu Süde gesinn
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Bertogne
Koordinaten 50° 02’ 00’’ N
      05° 36’ 00’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6686

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Flamierge eng eegestänneg Gemeng.

Geschicht änneren

Ënner den franséische Regime gouf Flamierge eng Gemeng am Bëscherdepartement zu där nach d'Uertschaft Tronle gehéiert huet.

1823 goufen d'Gemenge Givroulle, Givry a Roumont-sur-Ourthe derbäigeprafft.

1977 bei der Reform koum Prelle bei Tenneville, an d'Schmelz an d'Bëscher vu Saint-Ode goufe bei déi fréier Gemengen Amberloup, Lavacherie an Tillet bäigesat, fir déi nei Gemeng Sainte-Ode ze bilden.

Um Spaweck änneren

Commons: Flamierge – Biller, Videoen oder Audiodateien