Ministère des Finances

lëtzebuergesche Ministère
(Virugeleet vu(n) Finanzministère)

De Finanzministère (fr: Ministère des Finances, gekierzt MFIN) ass e Ministère zu Lëtzebuerg deen d'Budgets-, Finanz- a Steierpolitik vum Lëtzebuerger Staat realiséiert.

Ministère des Finances
Finanzministère
Land Lëtzebuerg
Minister Gilles Roth
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 3, rue de la Congrégation L-1352 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck https://mfin.gouvernement.lu/

Allgemenges änneren

De Ministère ass fir d'ëffentlech Finanzen an d'Virbereedung vum Staatsbudget verantwortlech. En definéiert ausserdeem d'Politik vum Finanzsecteur, ass responsabel fir d'Relatioune mat den internationale Finanzinstitutioune grad wéi fir d'Verwaltung vun de Staatsgidder.

Organisatioun änneren

D'Generalsekretariat vum Ministère ass responsabel fir d'Koordinatioun tëscht den eenzele Servicer vum Finanzministère grad wéi fir d'Bezéiunge mat den anere Ministèren, dem Regierungsrot, de Verwaltungen, an der Chamber.

De Ministère ass a fënnef Direktiounen opgedeelt:

  • Finanzdéngschtleeschtungen, Finanzstabilitéit, gereegelte Kader vum Finanzsecteur
  • Wirtschaft- a Budgetspolitik
  • Multilateral Affären, Entwécklung a Compliance
  • Administration des domaines
  • Steieren

Kompetenz vum Ministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Finanzministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Verwaltungen änneren

Ëffentlecht Etablissementer änneren

Iwwerwaachungsautoritéiten änneren

Gouvernance änneren

Administrateur général

Directeur du trésor

Secrétaire général

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère des Finances – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten änneren

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.