Belsch Exilregierung (1914)

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi Belsch Exilregierung och nach Gouvernement du Havre genannt, an der Zäit vum Éischte Weltkrich vum 13. Oktober 1914 bis den 1. Juni 1918 huet am Fong aus zwou verschiddene Regierunge bestanen, déi un der Spëtzt de Barong a spéidere Grof Charles de Broqueville hat. Et waren dat d'Regierung de Broqueville I an d'Regierung de Broqueville II.

Am eigentleche Sënn vum Wuert waren et keng richteg Exilregierungen, well Frankräich dem belsche Staat den Territoire vu Sainte-Adresse bei Le Havre fir déi néideg Period verlount hat, an den Territoire belscht Hoheitsgebitt, also eng belsch Enklav a Frankräich gouf. Si waren deemno op nationalem belschen Terrain, wou se z. B. och eng Post mat belschen Timberen, an eng Waffen- a Munitiounsfabréck fir d'Besoine vun der belscher Arméi bedriwwen hunn.