Feneur ass eng belsch Uertschaft a Sektioun vun der Gemeng Dalhem an der Provënz Léck. Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Feneur eng eegestänneg Gemeng.

Feneur
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Dalhem
Fläch 128
Koordinaten 50° 42’ 15’’ N
      05° 42’ 53’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4607
Déi fréier Seigneurerie zu Feneur

Den Numm vun der Uertschaft geet op dat laténgescht Wuert Fenoratium zeréck, dat Wisenterraine bedeit. Ëm 1250 gouf se Fenore genannt.

Feneur vedeelt sech riets a lénks laanscht den Dall vum Bolland

Geschicht änneren

Wéini datt d'Seigneurerie vu Feneur entstanen ass, ass net genee bekannt. Et ass just gewosst datt se zum Kapitel vun der Kathedral Saint-Lambert, vu Léck gehéiert huet. Se huet sech ëm e groussen Haff entwéckelt, an deem och Geriicht gehale gouf. D'Membere vum Geriicht, 7 Schäffen an ee Mayeur goufe vum Prënzbëschof vu Léck ernannt, d'selwecht wéi de Geriichtssecretaire an de Bannpréiter. Dalhem huet eng laang Zäit d'Seigneurerie fir sech velaangt, awer déi Lécker hu se net hiergin. D'Maroie, Wittfra vum Antoine Hustin huet als éischt den Titel Seigneur et Comtesse de Feneur gedroen. Vun hir koum d'Erlabnes fir déi éischt vun den dräi Millen am Dall vum Bolland ze bauen. Et war de Moulin de Laidpont, den haut nach op N°19 an der Voie des Fosses ze gesinn ass. No hiren Doud ass d'Seigneurie den 11. Februar 1545, un de Mann vun hirem eelste Kandskand gaangen, de Johann-Martin vu Saint-Remy.

1517 oder 1577 (Schrëft um Ënnerzuch net méi gutt lieserlech), gouf um haitegen N°7 an de Rue St. Vith eng Brauerei opgeriicht. Um Ënnerzuch vun der Dir steet ze liesen JEHAN SYMON, BRESSEUR DE LE PONT, AYANT FEMME AVEC.. ENFANTS, EN L'AN 1517 (oder 1577).

1617 gouf déi zweet Millen am Dall, de Moulin de Kerweer haut Moulin Ruwet opgeriicht. D'Mille gouf komplett restauréiert, an et ass déi eenzeg vun den 3 Millen, déi an engem Zoustand ass, datt se nach wéi fréier muele kann.

 
De Moulin der Kerweer am Juni 2008

Déizäit ass och eng nei Institutioun d'Régence entstanen, déi den haitege Gemenge entsprécht. Hir Membere gi vun de Männer aus der Uertschaft gewielt, an huet zwéi Buergermeeschteren, déi sech haaptsächlech ëm d'Terraine vun der Gemeng bekëmmeren.

1643 huet de Kinnek vu Spuenien, deen Här a Meeschter an der Gégend war, dem Kapitel vu Léck, d'Seigneurerie ewechgeholl, haaptsächlech well e Sue fir d'Reliounskricher gebraucht huet, an huet vun der Seignererie 800 Florine verlaangt. D'Protestanten haten d'Hallschent vun der Grofschaft Dalhem an hir Hänn bruecht. 1661 hunn dunn d'Holläner an d'Spuenier Géigend ënner sech opgedeelt. Dalhem an nach eng zéng Dierfer, koumen ënner d'Herrschaft vun den hollännesche vereente Provënzen.

1718 gëtt déi drëtt Millen de Moulin Hossay gebaut, haut op N°89 an der Voie des Fosses.

Duerch den Traité vu Fontainebleau vu 1785, koumen déi Gemengen déi d'Hollänner 1661 kritt haten, ënner éisträichesch Herrschaft.

1795 waren d'Fransousen d'Cheffen an der Géigend, an duerch d'Afschafe vun de Rechter vum Klerus ass d'Seigneurerie definitiv verschwonnen, an et gouf eng Gemeng am haitege Sënn vum Wuert an d'Plaz gesat.

D'Leit an der Gemeng hunn zum gréissten Deel vun der Landwirtschaft gelieft, haaptsächlech vun der Produktioun vu Botter deen op Léck verkaaft gouf. E puer Mann hunn an enger klenger Duchfabréck geschafft.

Feneur huet bis 1842 zu der Par vu Saint-Remy gehéiert, zu där all d'Dierfer tëscht Saive a Visé geheiert hunn. An deem Joer gouf aus Feneur duerch e Kinneklechen Arrêté eng eege Par. D'Kierch gouf 1844 aus Zille gebaut, a wéi et bal net anescht ka sinn, dem Hellege Lambert geweit.

Am Laf vun der Zäit änneren d'Beruffer am Duerf. Ausser den 3 Mëlleren, an de Baueren, installéiere sech kleng Armurerien, a kleng Sirupsfabrécken. 1896 goufen 28 Armurerien a Platinerien zu Feneur gezielt. Géint 1925 hunn déi no an no hir Dieren zougemaach.

Bis 1948 war Feneur un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Vizinalstreck Léck-Fouron-le-Comte.

Um Spaweck änneren

Commons: Feneur – Biller, Videoen oder Audiodateien